
Am Spëtzematch am Grupp H hunn d’Spectateuren eng immens serréiert 2. Hallschent konnte gesinn, bei där sech um Enn Juventus mat 1:0 géint Chelsea duerchsetzt. Am zweete Match huet sech Petersburg kloer mat 4:0 géint Malmö behaapt.
Am Grupp E huet Bayern München Kiew keng Chance gelooss (5:0), an den FC Barcelona muss no der Néierlag géint Bayern um 1. Spilldag sech och géint Benfica geschloe ginn. Si verléiere kloer mat 0:3.
D’Young Boys Bern hu mam Christopher Martins am Grupp F 1:0 géint Bergamo verluer. Manchester United gewënnt duerch e Gol an der 5. Minutt vun der Nospillzäit vum Ronaldo mat 2:1 géint Villarreal.
Iwwerdeems spillen am Grupp G Wolfsburg mam FC Sevilla 1:1-Gläich a Salzburg huet sech mat 2:1 géint Lille duerchgesat.
Um Dënschdeg hat sech jo schonn ënnert anerem de Lëtzebuerger Sebastien Thill mat Sheriff Tiraspol 2:1 géint géint Real Madrid duerchgesat.
Juventus Turin - FC Chelsea 1:0
1:0 Chiesa (46')
D’Spectateuren hunn an deenen éischte 45 Minutten een eesäitege Match gesinn. Virun allem d’Ekipp vum Thomas Tuchel hat méi vum Match, mat iwwer 70 % Ballbesëtz däitlech méi vum Spill, ouni sech awer an der Offensiv geféierlech Chancen eraus ze spillen. Vu Lukaku a Co war an der Offensiv näischt ze gesinn. Déi beschte Chance an der 1. Hallschent hat no 20 Minutten d’Juve, de Schoss vum Chiesa ass awer knapps laanscht de Potto gaangen. Béid Ekippe sinn deemno mat engem 0:0 an d’Paus gaangen.
No der Paus huet et dunn no ganzer 10 Sekonnen am Gol vu Chelsea gerabbelt. De Bonucci huet nom Ustouss de Ball laang no vir gespillt. No Ëmweeër ass de Ball bei de Chiesa komm, deen de Ball an de Filet gedonnert huet. No 10 Sekonnen huet nach kee Spiller an der zweeter Hallschent an der Champions-League-Geschicht e Gol geschoss, deemno en neie Rekord fir de Chiesa.
Juventus ass nom Gol besser an de Match komm an huet no der éischter enttäuschender 1. Hallschent d’Hëft an d’Hand geholl. Wierklech geféierlech Chancë konnte si sech trotz allem awer net erausspillen. An der 82. Minutt hat dunn Chelsea nach eng gutt Chance, de Lukaku konnt seng Chance awer net notzen, sou dass Juventus um Enn mat 1:0 géint den Titelverdeedeger gewanne konnt.
Zenit ST. Petersburg - FF Malmö 4:0
1:0 Claudinho (9'), 2:0 Kuzyayev (49'), 3:0 Sutormin (80'), 4:0 Wendel (90+4')
Benfica Lissabon - FC Barcelona 3:0
1:0 Nunez (3'), 2:0 Silva (69'), 3:0 Nunez (79')
Bayern München - Dynamo Kiew 5:0
1:0 Lewandowski (12'), 2:0 Lewandowski (27'), 3:0 Gnabry (68'), 4:0 Sané (74'), 5:0 Choupo-Moting (87')
Manchster United - FC Villarreal 2:1
0:1 Alcacer (53'), 1:1 Telles (60'), 2:1 Ronaldo (90+5')
Atalanta Bergamo - Young Boys Bern 1:0
1:0 Pessina (68')
An enger éischter eesäiteger Partie war Bergamo déi spillbestëmmend Ekipp a konnt sech an der 68. Minutt duerch e Gol vum Pessina belounen. D’Young Boys, bei deenen de Lëtzebuerger Christopher Martins 90 Minutte gespillt huet, hat kuerz viru Schluss nach d’Chance op den Ausgläich, säi Schoss sollt awer iwwert de Gol goen. Bern war am Allgemengen net aktiv genuch, sou dass Atalanta net onverdéngt mat 1:0 géint d’Young Boys gewënnt.
RB Salzburg - OSC Lille 2:1
1:0 Adeyemi (31'), 2:0 Adeyemi (53'), 2:1 Yilmaz (62')
VFL Wolfsburg - FC Sevilla 1:1
1:0 Steffen (49'), 1:1 Rakitic (86')
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.