BGL LigueDe Racing wënnt duerch ee Gol an der Nospillzäit

RTL Lëtzebuerg
Rodange dréint de Match an enger verréckter Schlussphas, d'Fola setzt sech kloer géint Rouspert duerch.
© Val Wagner

Nodeems Nidderkuer um Samschdeg géint Stroossen net iwwert ee 0:0 erauskoum, stoungen um Sonndeg d’Suite vum 10. Spilldag am nationale Futtball um Programm.

Nidderkuer a Stroossen trenne sech 0:0

Racing 3:2 Déifferdeng

De Racing wënnt duerch ee Gol an der Nospillzäit
Duerch e Gol vum Da Mota an der 2. Minutt vun der Nospillzäit huet de Racing sech géint Déifferdeng dräi Punkte geséchert.

An enger ausgeglachener Ufanksphas war et d’Lokalekipp, déi den éischte Gol markéiere konnt. No engem Korner war et an der 19. Spillminutt den Holter, deen am séierste reagéiert hat, a seng Faarwe soumat a Féierung brénge konnt.
Nëmmen 8 Minutte war et de Mabella, deen op 2:0 stelle konnt. Den Holter hat de Mabella an d’Déift geschéckt an dësen hat am Duell mam Amodio d’Nerve behal.
Déifferdeng hat sech awer net opginn a sou konnt si virun der Paus nach eng Kéier erukommen. An der 44. Minutt konnt de Vandenbroeck dat ronnt Lieder no engem Korner am Gol ënnerbréngen a sou op 1:2 verkierzen.
Nom Téi war de Match komplett relancéiert. An der 64. Minutt war et de Vujinovic, deen no engem Korner de verdéngten Ausgläich schéisse konnt a sou war Déifferdeng erëm zréck am Match.
An enger spannender Schlussphas war et laang hin an hier gaang. Um Enn war et de Stater Racing, deen déi néideg Chance hat. An der 2. Minutt vun der Nospillzäit konnt den Da Mota de Ball laanscht den Amodio leeën a senge Faarwe sou déi dräi Punkte sécheren.

© Raoul Michels

Jeunesse 1:1 Etzella

Fir d’Gäscht vun der Etzella war et ee ganz wichtege Match, fir sech Loft am Tabellekeller ze verschafen. Iwwerdeems wollt d’Lokalformatioun vun Esch ee weidere Schrëtt Richtung Europa won. An der 6. Minutt konnt d’Etzella awer bëssen iwwerraschend a Féierung goen. No enger Pass vum Kalisa war et de Nicolay, deen de Ball am lénken Eck ënnerbruecht hat a seng Faarwen a Féierung brénge konnt.
Bis zur Paus war dës Féierung duerchaus verdéngt, dëst well d’Jeunesse laang gebraucht hat, fir zu enger gudder Geleeënheet ze kommen.
Nom Säitewiessel war d’Jeunesse beméit, ma d’Etzella hat awer laang gutt dogéint gehal. An der Nospillzäit sollt d’Jeunesse dann awer nach ee Punkt doheem halen. De Klica konnt de Ball iwwert d’Linn drécken a sou den 1:1 markéieren.

© Jan Fisch

Titus Péiteng 2:0 Millebaach

Péiteng war als klore Favorit an de Match géint den Opsteiger vun der Millebaach gaangen. An dëser Roll sollte si och fréi gerecht ginn. An der 6. Minutt war et den Abreu, dee bis ewell eng ganz staark Saison spillt, deen de Ball op de Mokrani gespillt hat. Aus 5 Meter hat dësen da keng Problemer méi, fir de Ball iwwert d’Linn ze drécken.
D’Millebaach schéngt vun dësem Réckstand geschockt geweecht ze sinn, a sou konnt Péiteng de Match ëmmer méi an d’Hand huelen. An der 24. Minutt war et op en Neits de Mokrani, deen de Ball no enger Flank vum Bijelic am Filet ënnerbrénge konnt.
Péiteng hat duerno näischt méi ubrenne gelooss an d’Millebaach konnt Péiteng net ënner Drock setzen. Soumat bleift Péiteng och weiderhin un der Spëtzt vun der BGL Ligue.

Diddeleng 3:1 Munneref

Fir de Champion vun Diddeleng hat um 10. Spilldag just eng Victoire géint Munneref gezielt fir sech aus den ënneschte Regioune vun der Tabell ze befreien. Si haten an der Ufanksphas och déi besser Geleeënheeten. An der 14. Minutt war de Bernier am Strofraum zu Fall bruecht ginn, a sou war et de Sinani, deen d’Haushären an der 15. Minutt aus eelef Meter a Féierung brénge konnt.
Duerno hat Munneref probéiert, eng Reaktioun ze weisen a sou koume si och zu Chancen. An der 38. Minutt war Diddeleng dann awer äiskal. No enger Flank vum Stolz konnt de Sinani de Ball ongestéiert an de Gol käppen a sou op 2:0 fir de Champion stellen.
No der Paus hate béid Formatiounen hier Chancen, ma déi Diddelenger waren awer méi sécher am Ofschloss. An der 66. Minutt konnt de Stolz fir d’Entscheedung suergen.
Fir Munneref konnt de Stumpf an der 82. Minutt just nach den Uschloss markéieren an op 1:3 verkierzen.

© Michele Pugliese

Rouspert 0:4 Fola Esch

Zu Rouspert war et iwwert wäit Strecken eng Ufanksphas, déi vu Feelpassen an Ongenauegkeeten dominéiert gouf.
Rouspert hat probéiert, sech Chancen eraus ze spillen, ma an der 33. Minutt waren et d’Gäscht, déi duerch de Corral markéiere konnten. No engem Feeler vum Heinz war de Bensi un de Ball koum. De Nationalspiller hat de Corral an der Mëtt gesinn an dësen hat aus kuerzer Distanz keng Problemer méi.
Kuerz virun der Paus war et de Corral, dee mat sengem zweete perséinleche Gol aus kuerzer Distanz erhéije konnt, a sou hat no 45 Minutte villes op eng Victoire vun der Fola gedeit.
Kuerz nom Säitewiessel konnt de Muharemovic fir d’Virentscheedung suergen. No engem Schoss vum Corral konnt de Bürger de Ball net festhalen a sou war et de Muharemovic, deen op 3:0 gestallt hat.
Rouspert hat näischt méi entgéint ze setzen a sou konnt de Bensi an der 65. Minutt duerch ee flotte Solo de 4. Gol fir d’Fola markéiere konnt.
Um Enn wënnt d’Fola also kloer an däitlech mat 4:0 géint Rouspert.

© Eugène Thommes

Hueschtert 2:3 Rodange

Zu Hueschtert haten d’Haushären an den éischte Minutte méi vum Match, ma et sollten d’Gäscht sinn, déi den éischte Gol markéiere konnten. An der 24. Minutt war et de Muric, deen de Ball mat engem präzise Schoss aus 16 Meter am Eck vum Gol verwandele konnt.
Duerno war et ee flotten an ausgeglachene Match. An der 36. Minutt konnt de Yala Lusala de Ball no enger schéiner Kombinatioun laanscht de Magalhaes an de Filet setzen an de Score esou ausgläichen.
No der Paus koum de Yala Lusala am Strofraum vu Rodange zu Fall an et war de Lamotte, deen de Ball aus eelef Meter an de Gol setzen an d’Lokalformatioun a Féierung brénge konnt.
Bis zum Enn hu béid Formatioune probéiert, op de Gol ze spillen. Rodange hat sech net opginn, a sou konnt si de Match an de leschte Minutten nach dréinen. Nodeems de Ramdedovic an der éischter Minutt vun der Nospillzäit den Ausgläiche schéisse konnt war et 3 Minutte méi spéit de Fleurival, deen de Match zu Gonschte vun de Gäscht dréine Konnt. Aus eelef Meter konnt hie seng Faarwen nach a Féierung bréngen, dëst nodeems den Ndiaye am Strofraum zu Fall koum war.

© Bob Leven

Back to Top
CIM LOGO