E Mëttwoch den Owend um 22.40 Auer hunn d’Paralympesch Spiller zu Paräis offiziell ugefaangen. De franséische President Emmanuel Macron huet d’Paralympics fir op erkläert. E Grupp vu fënnef paralympeschen Athleetinnen an Athleeten huet déi paralympesch Flam ugefaangen. De franséische Schwëmmer Florent Manaudu huet déi paralympesch Fakel un de franséische Chef de Mission a véierfache paralympesche Gewënner am Tennis Michaël Jérémiasz iwwerginn. Duerno ass d’Flam duerch d’Hänn vun enger ganzer Partie paralympeschen Athleetinnen an Athleete gaangen, éier se schliisslech beim Nantenin Keita, der Alexis Hanquinquan, dem Charles-Antoine Kouakou, der Elodie Lorandi an dem Fabien Lamirault ukomm ass, déi déi paralympesch Flam ugefaangen hunn.
D’paralympesch Fakel war de 24. August an der Stad Stoke Mandeville ugefaange ginn. D’Duerf nordwestlech vu London gëllt als Gebuertsuert vun der paralympescher Beweegung am Joer 1948.
D’Lëtzebuerger Delegatioun besteet aus den zwee Sportler Katrin Kohl (Rennrollstull) an Tom Habscheid (Bommstoussen). Si hunn e Mëttwoch den Owend och de Lëtzebuerger Fändel bei der Zeremonie gedroen.
Kuckt hei d’Entrée vun de Lëtzebuerger am Video:
Reaktiounen a weider Impressioune vun der Erëffnungsfeier ginn et den Owend am Journal op der Tëlee.
Genee wéi d’Erëffnungsfeier vun den Olympesche Spiller Enn Juli zu Paräis war och d’Erëffnungsfeier vun de Paralympesche Spiller e Mëttwoch den Owend ënner fräiem Himmel am Zentrum vu Paräis. Och fir d’Paralympics eng Première.
Den Haaptdeel vun der Erëffnungsfeier war op der Place de la Concorde. Fir d’Show gouf d’Plaz an eng grouss, oppen Arena ëm de Luxor-Obelisk aus der Antik verwandelt. Och d’Avenue des Champs-Elysées war Deel vun der Ouverture. Hei ass d’Parad mat de Sportler an de Membere vun den Delegatioune gestart ginn.
De kënschtlereschen Direkter Thomas Jolly wollt mat der Zeremonie d’Visibilitéit vun de Mënsche mat Behënnerungen an der Gesellschaft hannerfroen an nei prägen, wéi och d’Inclusioun weiderbréngen. Am Mëttelpunkt vun der Erëffnungszeremonie vun de Paralympesche Spiller stoungen déi knapp 4.400 Athleetinnen an Athleeten aus ronn 170 Natiounen. Nieft den Athleetinnen an Athleete stoung och nach den Danz am Mëttelpunkt vun der Show. Dänzer mat Krätschen, Rollstill oder ëmgebauten Dräirieder hu sech zu de verschiddene Kläng beweegt
Vum 29. August bis den 8. September gi Medaile verdeelt
Déi 4.400 Athleetinnen an Athleete gi vun en Donneschdeg (29.8.2024) bis den 8. September an am Ganzen 22 Sportaarten un den Depart. Wärend den eelef Deeg gi 549 Gold-, Sëlwer- a Bronzemedaile verdeelt. Ënnert hinnen och déi zwee Lëtzebuerger Katrin Kohl an Tom Habscheid.

LINK: Klickt hei, fir op de ganze Paralympics-Dossier ze kommen.