EM-QualifikatiounHolland wënnt Prestigeduell géint Däitschland

RTL Lëtzebuerg
An der EM-Qualifikatioun huet Holland e Freideg den Owend mat 4:2 géint Däitschland gewonnen.
© AFP

E Freideg den Owend gouf an der EM-Qualifiaktioun an de Gruppen C, E, G an I gespillt.

D’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp ass no der 0:1-Defaite am Frëndschaftslännermatch géint Nordirland en Dënschdeg nees gefuerdert. An der EM-Quali. kritt d’Ekipp vum Luc Holtz et mat Serbien ze dinn.

Grupp C

Däitschland - Holland 2:4

No enger staarker zweeter Hallschent konnt sech Holland e Freideg den Owend zu Hamburg an der EM-Qualifikatioun mat 4:2 géint Däitschland duerchsetzen. Fir d’Ekipp vum Jogi Löw ass et déi éischten Néierlag virun den eegene Spectateuren zanter 2007, deemools hat een 0:3 géint Tschechien verluer. Duerch dës Néierlag verpasst Däitschland de Sprong un d’Tabellespëtzt a steet e Méindeg den Owend géint Nordirland ënner Drock. An der Tabell steet Norirland no 4 Matcher un der Spëtzt, Däitschland steet op der 2. Plaz mat 9 Punkten an Holland huet mat engem Match manner 6 Punkten.

D’Ekipp vum Jogi Löw war an der 9. Minutt duerch e Gol vum Gnabry mat 1:0 a Féierung gaangen. An der zweeter Hallschent konnt Holland de Match duerch eng staark Leeschtung nach dréinen. D’Ekipp vum Koeman huet dobäi d’Feeler vun den Däitschen an der Defense äiskal ausgenotzt. An der 59. Minutt hat den de Jong op 1:1 gesat. Nëmmen dräi Minutte méi spéit war et den Tah, deen de Ball an den eegene Gol gesat hat. An der 73. Minutt konnt Däitschland nach op 2:2 ausgläichen, dat duerch ee glécklechen Eelefmeter, deen de Kroos verwandelt huet. An de Schlussminutten huet Holland dunn awer fir den Ënnerscheed gesuergt an duerch Goler vum Malen an der 79. Minutt an dem Wijnaldum an der éischter Minutt vun der Nospillzäit mat 4:2 gewonnen.

Estland - Wäissrussland 1:2

0:1 Naumov (48'), 1:1 Sorga (54'), 1:2 Skavysh (90'+2')

Grupp E

Wales - Aserbaidschan 2:1

1:0 Pashayev (Selbstgol 26'), 1:1 Emrely (59'), 2:1 Bale (84')

Slowakei - Kroatien 0:4

0:1 Vlasic (45'), 0:2 Perisic (46'), 0:3 Petkovic (72'), Lovren (89')

Grupp G

Éisträich - Lettland 6:0

Am Grupp G huet Éisträich Lettland mat 6:0 iwwerrannt. D’Goler hunn den Arnautovic (7', 53', Eelefmeter), déi dräi Leipziger Sabitzer (13'), Ilsanker (76') a Laimer (80') an den Augsburger Gregoritsch (85.) geschoss.

Slowenien - Polen 2:0

Fir Polen gouf et dogéint déi éischt Néierlag an der EM-Qualifikatioun. Zu Ljublijana hunn de Struna an der 35. Minutt an de Sporar an der 65. Minutt d’Victoire fir den Underdog perfekt gemaach. De polnesche Kapitän Lewandowski konnt sech net wéi gewinnt an Zeen setzen, hien hat nëmmen eng gutt Chance.

Grupp I

San Marino - Belsch 0:4

Fir d’Belsch gouf et déi erwaarte kloer Victoire a San Marino. Kuerz virun der Paus hat de Batshuayi d’Gäscht per Eelefmeter a Féierung bruecht. Nom Téi hat de Mertens an der 57. Minutt fir den 2:0 gesuergt. Nëmme 6 Minutte méi spéit war et den 3:0 duerch de Chadli. Fir de Schlusspunkt hat de Batshuayi an der 2. Minutt vun der Nospillzäit gesuergt. No dëser Victoire ass der Belsch den EM-Ticket quasi net méi ze huelen. No 5 Matcher huet een de Maximum vu 15 Punkten. Hannert de Rouden Däiwele steet Russland mat 12 Punkten op der 2. Plaz.

Schottland - Russland 1:2

1:0 McGinn (11'), 1:1 Dzyuba (40'), 1:2 O’Donell (Selbstgol 59')

Zypern - Kasachstan 1:1

(0:1 Schetkin 2', 1:1 Sotiriou 39')

© AFP

Back to Top
CIM LOGO