Internationale FuttballKloer Victoire fir Liverpool, Lyon wënnt zu Troyes

RTL Lëtzebuerg
D'Reds hu sech virun den eegene Spectateure mat 3:0 duerchgesat an an der Ligue 1 gouf et fir den Gerson Rodrigues mat Troyes näischt ze huelen.
© AFP

E Sonndeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz. De Laurent Jans huet Sparta Rotterdam mat senger Virlag ee Punkt geséchert.

Bundesliga

Augsburg - Frankfurt 1:1
0:1 Kamada (22'), 1:1 Gregoritsch (38')

Den FC Augbsurg deelt sech duerch en 1:1 mat Frankfurt d’Punkten. De Gol zur Féierung konnten d’Haushären nach virun der Paus ausgläichen. Nom Säitewiessel ass vu béiden Ekippen offensiv ze wéineg komm, sou dass et um Enn bei engem gerechte Remis bliwwen ass.

Bielefeld - Fürth 2:2
1:0 Okugawa (8'), 1:1 Leweling (35'), 1:2 Nielsen (67'), 2:2 Castro (84')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Liverpool - Brentford 3:0
1:0 Fabinho (44'), 2:0 Oxlade-Chamberlain (69'), 3:0 Minamino (77')

Liverpool huet sech mat enger staarker Leeschtung déi dräi Puntke géint den Opsteiger Brentford geséchert. D’Reds ware vun Ufank u spillbestëmmend a wannen no de Goler vum Fabinho, Oxlade-Chamberlain a Minamino verdéngt mat 3:0.

West Ham - Leeds 2:3
0:1 Harrison (10'), 1:1 Bowen (34'), 1:2 Harrison (37'), 2:2 Fornals (52'), 2:3 Harrison (60')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Sassuolo - Hellas 2:3
0:1 Carprari (37'), 0:2 Barak (44'), 1:2 Scamacca (54'), 1:3 Barak (57'), 2:3 Defrel (67')

AS Roum - Cagliari 1:0
1:0 Oliveira (33')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Troyes - Lyon 0:1
0:1 Dembelé (33')

Fir den Gerson Rodrigues gouf et mat Troyes eng knapps Defaite géint Lyon. Duerch en Eelefmeter waren d’Gäscht no 33 Minutten a Féierung gaangen, op déi Troyes och an der zweeter Hallschent keng Äntwert fonnt huet. Um Enn setzt sech Lyon mat 1:0 duerch.

Reims - Metz 0:1
0:1 Niane (61')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Elche - Villareal 1:0
1:0 Boyé (78')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO