
30 Goler an 8 Matcher: dëst war de Bilan no dem Optakt vun de Réckmatcher an der Champions-League-Gruppephas en Dënschdeg. E Mëttwoch stoungen déi aner 8 Partien um Programm an hei wollt Leverkusen dem Atlético ee Bee stellen, Bayern eng Reaktioun no dem Out vum Nico Kovac weisen an de PSG mat enger Victoire e grousse Schrëtt Richtung 1/8-Finall maachen.
Leverkusen - Atlético 2:1
1:0 Thomas - Selbstgol (41'), 2:0 Volland (55'), 2:1 Morata (90'+4)
D’Werkself war géint den Atlético gefuerdert an huet onbedéngt misse wannen, fir nach eng minimal Chance op 1/8-Finallen ze hunn. Zwou gutt Noriichte gouf et awer schonns virun der Partie: de Joao Felix, d’Vedette vun de Spuenier, konnt net spillen an an der méi fréier Owespartie huet d’Juve géint Lokomotive gewonnen.
Leverkusen hätt also kéinte mat enger Victoire mat Moskau gläich zéien. Et war dann och d’Ekipp vum Trainer Bosz, déi an der Ufanksphas d’Initiativ iwwerholl an de Ball dréine gelooss huet. An der 21. Minutt hat d’Werkself den éischte geféierleche Schoss a Richtung Gol, dem Volland seng Tentative hat awer net genuch Wuppes.
Eng mësslongen Tentative, de Ball no engem Corner ze klären, huet den Thomas an den eegene Filet gekäppt. D’Heemekipp ass no den éischte 45 Minutte mat enger 1:0-Féierung fir d’Paus an d’Kabinne gaangen.
Wat de Volland an der 1. Hallschecht mat sengem ze schwaache Schoss net gutt gemaach huet, huet den Däitschen an der 55. Minutt besser gemaach. Mat engem Rietsschoss aus kuerzer Distanz huet hie d’Féierung vu senger Ekipp ausgebaut.
Um Enn huet Leverkusen dës ëmkämpfte Partie fir sech entscheet. Zwar huet de Morata an der 4. Minutt vun der Nospillzäit den 1:2-Uschlosstreffer fir d’Spuenier geschoss, ma si kruten awer déi leschte Golgeleeënheet fir den Ausgläich net eran.
Atlético huet ni dee Futtball gespillt a ware ni esou geféierlech, wéi een et an der Reegel vun de Colchoneros kennt. Leverkusen huet iwwerdeems zäitweis schéine Futtball gespillt an d’Partie um Enn verdéngt gewonnen. Elo ass eng Qualifikatioun weiderhin nach méiglech.
Lok. Moskau - Juventus 1:2
0:1 Ramsey (4'), 1:1 Miranchuk (12'), 1:2 Costa (90'+3)
D’Bianconeri haten an der russescher Haaptstad, no der 1:0-Féierung an der 4. Minutt duerch de Ramsey, ee schwéiere Stand. Lokomotiv konnt nämlech kuerz drop mat engem Käpper vum Miranchuk den Ausgläich markéiert an huet och am weidere Verlaf d’Këscht propper gehalen - bis d'3. Minutt vun der Nospillzäit. Do huet de Costa seng Klass ënner Beweis gestallt an no enger Une-deux mam Higuain souverän op 2:1 erhéicht. Dono war de Match entscheet.
Atalanta - Man. City 1:1
0:1 Sterling (7'), 1:1 Pasalic (49')
Well de Stadion vun Atalanta d’Oploe vun der Uefa net erfëllt, war City am San Siro zu Mailand op Besuch. D’Skyblues wollte mat enger Victoire d’Leaderpositioun an der Tabell festegen an dat huet och nom fréien 1:0 vum Sterling gutt ausgesinn. Nom 1:0 fir d’Gäscht an der Paus goung et am 2. Duerchgang onerwaart weider. Atalanta huet nämlech ee Gol geschoss an et stoung 1:1 gläich. D’Italiener konnten dëst Resultat iwwer d’Zäit bréngen an hunn domat fir eng ferm Iwwerraschung gesuergt.
Dinamo Zagreb - Shakhtar Donetsk 3:3
0:1 Alan Patrick (15'), 1:1 Petkovic (25'), 2:1 Ivansuec (83'), 3:1 Ademi (89'), 3:2 Moraes (90'+3), 3:3 Tete (90'+7')
An der kroatescher Haaptstad goung et mat engem 1:1 an d’Paus. Nom Säitewiessel goung et geckeg weider. D’Heemekipp konnt d’Féierung ausbauen, krut awer an der allerleschter Aktioun den 3:3-Ausgläich no engem Eelefter geschoss.
Roude Stär Belgrad - Tottenham 0:4
0:1 Lo Celso (34'), 0:2, 0:3 Son (57', 61'), 0:4 Eriksen (85')
No engem duerchwuessene Start an d’Premier League wollt Tottenham, no der Victoire vu Bayern am fréien Owend, mat engem Erfolleg zu Belgrad den Uschloss un den däitsche Rekordmeeschter halen. D’Spurs konnten an den éischte 45 markéieren a mat engem 1:0 an d’Paus goen an hunn nom Téi weider markéiert.
Bayern München - Olympiakos 2:0
1:0 Lewandowski (69'), 2:0 Perisic (89')
Virop gouf et fir d’Bayern-Supporter eng gutt Nouvelle: et huet ee virum eegene Public mat 2:0 géint den Underdog vun Olympiakos gewonnen. D’Manéier war no dem Out vum Trainer Nico Kovac awer net onbedéngt iwwerzeegend. Zwar war den FCB déi kloer besser Ekipp, d’Goler sinn awer eréischt an den zweete 45 Minutte gefall.
PSG - Club Bruges 1:0
1:0 Icardi (22')
Am Parc des Princes goungen déi Paräisser als kloer Favorit an de Match géint Bruges. D’Belsch haten u sech näischt géint de PSG ze verléieren, krut awer relativ fréi an der Partie den 0:1 kasséiert. An den zweete 45 Minutten hunn d’Fransousen d’Féierung geréiert an um Enn déi 3 Punkten agestach. Si sinn elo sécher an den 1/8-Finallen.
Real Madrid - Galatasaray 6:0
1:0, 2:0, 6:0 Rodrygo (4',7', 90'+3), 3:0 Ramos (14'), 4:0, 5:0 Benzema (45', 81')
Déi Kinneklech hunn am eegene Stadion ganz sec ugefaangen a louche schonn no enger Véierelsstonn verdéngt mat 3:0 am Avantage. Zweemol hat de Marcelo de Rodrygo zerwéiert an déi aner Kéier huet de Ramos vum Punkt getraff. Virum Téi huet de Benzema nach een dropgesat. No der Paus hunn d’Madrilene weider Goler geschoss an d’Partie um Enn verdéngt gewonnen.