Internationale FuttballLiverpool klappt Manchester City an héichklassegem Match

RTL Lëtzebuerg
An der Tabell huet Liverpool nom 3:1 elo 9 Punkte Virsprong op ManCity. An der Bundesliga huet d'Gladbach sech mat 3:1 géint Werder Bremen duerchgesat.
© AFP

Bundesliga

Borussia Mönchengladbach - Werder Bremen 3:1
1:0 Bensebaini (20'), 2:0 Herrmann (22'), 3:0 Herrmann (59'), 3:1 Bittencourt (90+4')

Duerch eng souverän Victoire géint Bremen bleift d’Borussia vu Mönchengladbach mat engem Virsprong vu 4 Punkten op Leipzig un der Spëtzt vun der Tabell.

Mat vill Ballbesëtz huet Gladbach de Match vun Ufank u kontrolléiert. D’Ekipp vum Rose huet versicht Bremen ënner Drock ze setzen a se zu Feeler ze zwéngen. An der 20. Minutt huet et dann och eng éischte Kéier am Gol vun de Gäscht gerabbelt. No engem Fräistouss vum Benes ass de Bensebaini am Strofraum am héchste gesprongen an huet dat ronnt Lieder mam Kapp an de Filet gesat. Bremens hat duerno net vill Zäit, fir sech vum 0:1-Réckstand ze erhuelen, well nëmmen 2 Minutte méi spéit ass schonn den 2:0 fir Gladbach gefall. Dës Kéier huet den Herrmann verwandelt. An der 27. Minutt ass du Bremen geféierlech virun de Gol vum Géigner komm, den Osako huet och verwandelt, ma no Video-Beweis gouf de Gol nees oferkannt. D’Ekipp vum Kohfeldt ass duerno besser an de Match komm, ma bis d’Paus ass et bei der verdéngter 2:0-Féierung vu Gladbach bliwwen.

An der zweeter Hallschent huet den Arbitter no engem Foul vum Bensebaini um Osako an der 52. Minutt fir Bremen op de Punkt gewisen. De Klaassen huet sech der Saach ugeholl, ma de Sommer huet eng weider Kéier seng staark Form bestätegt an de Schoss paréiert. An der 59. Minutt huet den Herrmann mam 3:0 fir eng Virentscheedung gesuergt. Bremen huet trotz dem héije Réckstand net opginn an de Wee no vir gesicht, ma géint déi Gladbacher war e Sonndeg de Mëtteg kee Kraut gewuess. An der 4. Minutt vun der Nospillzäit huet de Bittencourt nach den 1:3 geschoss, ma un der Victoire fir de Leader sollt sech näischt méi änneren.

VfL Wolfsburg - Bayer Leverkusen 0:2
0:1 Bellarabi (25'), 0:2 Paulinho (90 +6')

Ënnert den A vum däitschen Nationaltrainer Joachim Löw ass Bayer Leverkusen e Sonndeg no 4 Néierlagen an der Bundesliga nees eng Victoire gelongen. Zu Wolfsburg huet ee sech mat 2:0 duerchgesat. Fir de VfL ass et dee 7. Match noeneen ouni Erfolleg.

An enger zerfuerener éischter Hallschent waren d’Gäscht besser am Spill géint de Ball an hu sech och an den Zweekämpf méi staark gewisen. De Bellarabi hat an der 6. Minutt d’Méiglechkeet d’Gäscht a Féierung ze bréngen. De Ball ass allerdéngs knapp laanscht de lénke Potto gaangen. An der 23. Minutt hat de Weghorst fir d’Lokalekipp den 1:0 um Fouss leien, ma och hie sollt kee Gléck hunn. An der 25. Minutt huet dunn de Bellarabi d’Wierkseelef a Féierung bruecht.

No der Paus huet sech d’Bild geännert. Wolfsburg wollt onbedéngt ausgläichen, d’Ekipp vum Bosz huet an dëser Phas veronséchert gewierkt. Ma um Enn hunn d’Wolfsburger sech awer net fir hire Mutt an der Offensiv belount. Leverkusen huet duerch de Paulhino an der 6. Minutt vun der Nospillzäit de Sak zougemaach.

SC Freiburg - Eintracht Frankfurt 1:0
1:0 Petersen (77')

Goler sinn der e Sonndeg den Owend an der Partie tëscht Freiburg a Frankfurt net vill gefall, ma dofir gouf et awer gläich 3 Rout Kaarten. Kuerz virun der Paus war de Fernandes mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn. An der Schlussphas ass et dunn haart hir gaangen. An der 6. Minutt vun der Nospillzäit huet den Abraham Rout gewise kritt, well hien den Trainer vu Freiburg ëmgestouss hat. Duerno war d’Opreegung grouss an de Frankfurter ass iwwert den Terrain gejot ginn. Zum Schluss krut dunn och nach de Grifo vu Freiburg eng Rout Kaart. Den decisive Gol huet de Petersen an der 77. Minutt geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaE Sonndeg war et och d’Nouvelle, datt den Trainer Sandro Schwarz beim 1. FSV Mainz entlooss ginn ass.

E Samschdeg den Owend hat Bayern München Borussia Dortmund mat 4:0 geklappt.

Premier League

Manchester United - Brighton & Hove Albion 3:1
1:0 Pereira (17'), 2:0 Selbstgol Pröpper (19'), 2:1 Dunk (64'), 3:1 Rashford (66')

An der englescher Premier League hat Manchester United keng Problemer mat Brighton. Schonn an der 17. Minutt huet de Pereira d’Haushäre mat 1:0 a Féierung bruecht. 2 Minutte méi spéit huet ManUnited de Gäscht Merci gesot, de Pröpper huet dat ronnt Lieder nämlech an den eegene Gol gesat.

No der Paus huet den Dunk an der 64. Minutt op 1:2 verkierzt, ma d’Hoffnung vun de Gäscht, fir de Match eventuell kënnen ze dréinen, war net vu laanger Dauer. 120 Sekonne méi spéit huet d’Ekipp vum Solskjaer nämlech de Score op 3:1 gesat. De Rashford huet getraff an domadder och fir d’Schlussresultat gesuergt.

FC Liverpool - Manchester City 3:1
1:0 Fabinho (6'), 2:0 Salah (13'), 3:0 Mané (51'), 3:1 Silva (78')

Et war ee Match op ganz héijem Niveau tëscht Liverpool a Manchester City. Um Enn war Liverpool awer méi konsequent an huet verdéngt mat 3:1 gewonnen. D’Ekipp vum Klopp kann duerch Goler vum Fabinho, Salah a Mané de Virsprong op Manchester City am Championnat op 9 Punkten ausbauen.

Direkt vun Ufank u war Feier am Spill tëscht dem Vizechampion an dem Champion an England. An der 5. Minutt hat den Alexander-Arnold am Strofraum de Ball widder den Aarm kritt, ma den Arbitter huet keen Eelefmeter gepaff, well de Silva am Virfeld och de Ball un den Aarm kritt hat. ManCity war nach net fäerdeg mat sech opreegen, wéi am Géigenzuch Liverpool den 1:0 markéiert huet. De Gündogan huet eng Flank vum Mané net gutt gekläert, sou datt de Ball virun d’Féiss vum Fabinho gefall ass an dësen dat ronnt Lieder aus 20 Meter mat engem secke Schoss an de Gol gesat huet. An der 9. Minutt haten dunn d’Gäscht d’Chance op den 1:1, ma de Sterling huet de Ball laanscht de Potto gekäppt. ManCity huet den Toun am Spill uginn, ma Liverpool sollt d’Ekipp vum Guardiola fir hiert héicht Stellungsspill bestrofen. An der 13. Minutt huet de Salah op 2:0 gesat. Bis d’Paus ass et op béide Säiten ëmmer nees hin an hir gaangen an et gouf gutt Chancen, ma et sollt bei der 2:0-Féierung vu Liverpool bleiwen.

An der zweeter Hallschent huet Liverpool de Score an der 58. Minutt op 3:0 erhéicht. No enger Flank vum Henderson op den zweete Potto ass de Bravo net erauskomm an de Mané konnt a rou de Ball erakäppen. Do huet d’Nummer 2 vun de Gäscht guer net gutt ausgesinn. Nom drëtte Géigegol huet een de Spiller vum Guardiola ugesinn, datt si net méi richteg drugegleeft hunn, fir dëse Match eventuell nach kënnen ze dréinen. Liverpool huet konzentréiert weidergespillt a Manchester City net wierklech zeréck an de Match komme gelooss. Och wann de Silva an der 78. Minutt den 1:3 nach geschoss huet, sollt dat näischt méi un der Victoire fir Liverpool änneren.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum - Lecce 4:2
1:0 Correa (30'), 1:1 Lapadula (40'), 2:1 Milinkovic (62'), 3:1 Immobile (77'), 4:1 Correa (80'), 4:2 La Mantia (85')

Parma Calcio - AS Roum 2:0
1:0 Sprocati (68'), 2:0 Cornelius (90 + 3')

Juventus Turin - AC Mailand (20h45)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Atlético Madrid - Espanyol Barcelona 3:1
0:1 Darder (38'), 1:1 Correa (45+1'), 2:1 Morata (58'), 3:1 Koke (90+1')

A Spuenien huet den Atlético Madrid et fäerdeg bruecht, de Match géint Espanyol Barcelona ze dréinen an um Enn souverän ze gewannen. Den Darder hat d’Gäscht an der 38. Minutt a Féierung bruecht. Sekonne virun der Paus huet dunn awer de Correa nach ausgeglach, sou datt et mam 1:1 an d’Kabinne gaangen ass. No der Paus huet Atlético zwee weider Goler markéiert dat duerch de Morata an der 58'. Minutt an de Koke an der 1.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Ligue 1

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO