BGL Ligue: 1. SpilldagVictoirë fir Opsteiger Hesper a Wolz, kee Gewënner um Gaalgebierg

RTL Lëtzebuerg
Vun e Samschdeg den Owend u leeft nees de Ball am ieweschten nationale Futtball-Championnat. Fir den Optakt goufen et 4 Partien, e Sonndeg sinn der nach 2.
© Kevin Estebanez

Optakt vun der BGL Ligue e Samschdeg mat insgesamt véier Matcher - zwou Partië ginn e Sonndeg nach gespillt, zwee weider Matcher si wéinst Coronafäll verréckelt ginn.

Am Nordduell krut et den Opsteiger vu Wolz mat der Etzella ze dinn, hei konnten déi Wëlzer d’Partie bannent 3 Minutten no Réckstand dréien. Péiteng konnt sech iwwerdeems géint Stroossen duerchsetzen an den Opsteiger vun Hesper huet géint Déifferdeng gewonnen. Zu Esch konnt ee sech fir den Optakt op den Derby freeën. Um Gaalgebierg gouf et no enger animéierter Partie allerdéngs kee Gewënner.

BGL Ligue: 1. Spilldag / Rep. Rich Simon

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

E Sonndeg ass et dann d’Suite vum 1. Spilldag mat de Matcher Rouspert - Rodange a Munneref - Hueschtert.

D’Resuméë vun de Matcher

Hesper - Déifferdeng 3:1

Op d’Leeschtung vum ëmstrukturéierte Swift Hesper konnten déi 620 Zuschauer um Holleschbierg fir den 1. Spilldag gespaant sinn. Déifferdeng huet sech an der Ufanksphas net verstoppt - déi 1. Hallschecht war virun allem awer vun Eelefmetere gepräägt: ganzer dräimol huet den Arbitter Sabotic an den éischte 45 Minutten op den ominéise Punkt gewisen. Allen dräi Eelefmeteren, zwee fir Hesper an ee fir Déifferdeng, goufe verwandelt.

© Kevin Estebanez

Nom Säitewiessel wollt den Opsteiger virum eegene Public de Sak zoumaachen an nom 2. perséinleche Gol vum Abdellah an der 66. Minutt fir den 3:1 huet dat och ganz gutt ausgesinn. D’Ekipp vum Holleschbierg huet am leschten Drëttel vun dësem Match ëmmer nees mat enger Déifferdenger Ekipp ze doe gehat, déi och couragéiert no vir gespillt huet an esou geféierlech virun de Jonathan Joubert am Hesper Gol opdauche konnt.

E Jonathan Joubert, deen iwwregens an dësem Match fir déi 500. Kéier am héchsten nationale Futtballchampionnat opgelaf an e Samschdeg a seng insgesamt 22. Saison gaangen ass.

500. Match, 22. Saison fir de Jonathan Joubert am ieweschte Futtballchampionnat.
500. Match, 22. Saison fir de Jonathan Joubert am ieweschte Futtballchampionnat.
© Cliff Block

Fola - Jeunesse 1:1

Um Gaalgebierg gouf et fir den Ufank vun der neier Saison direkt een Amuse-Bouche, dat mam Escher Derby tëscht der Fola an der Jeunesse. Vun Ufank u war Feier an dëser Partie. D’Lokalekipp, déi jo well op internationalem Plang ënnerwee war, konnt fréi a Persoun vum Stefano Bensi vun enger Onopmierksamkeet an der Ofwier vun der Jeunesse profitéieren an ass duerch den Nationalspiller a Féierung gaangen. Kuerz virum Säitewiessel sinn déi Schwaarz-Wäiss ëmmer besser an de Match komm an hunn dunn och kënnen duerch de Soares ausgläichen.

No der Paus hunn déi ronn 600 Spectateure sech op eng weider animéiert Partie gefreet, nom Pausentéi hu sech béid Formatiounen awer éischter neutraliséiert – kee wollt esou richteg de leschte Risiko huelen. Am weidere Verlaf vum Match war et wéinst Blessur den Out fir de Bensi. An der Schlussphas ass d’Fola awer nach emol geféierlech am Strofraum vun der Jeunesse opgetrueden. E weidere Gol ass trotzdeem net méi gefall, soudatt d’Punkten um Enn gedeelt goufen.

© Serge Olmo

Wolz - Ettelbréck 2:1

Am Duell tëscht den Nordisten ass viru bal 800 Spectateure an der 1. Hallschecht kee Gol gefall. Wuel hu si zu Wolz een animéierten Ufank vun der Partie gesinn, mat engem Opsteiger, dee virun der eegener Kuliss markéiere wollt. Allerdéngs huet et keng Ekipp an den éischte 45 Minutte fäerdegbruecht, dat ronnt Lieder am géigneresche Filet ënnerzebréngen.

No der Paus wollten et Schon, Osmanovic a Co. géint eng gutt gestaffelt Ettelbrécker Defense besser maache wéi nach am 1. Duerchgang, besser sinn awer d’Gäscht aus de Kabinne komm. An der 52. Minutt huet d’Etzella sech fir de gudde Start an déi zweet 45 Minutt belount an ass duerch de Kadrija a Féierung gaangen. D’Äntwert vun de Wëlzer huet net laang op sech waarde gelooss. Et war de Pita, dee kuerz virun der Stonn den Ausgläich nees hierstelle konnt - domat awer net genuch. Keng 3 Minutten drop huet et op en Neits am Gol vun Ettelbréck geschellt, déi Kéier duerch e Gol vum Ibrahimovic.

Virum eegene Public huet Wolz am weidere Verlaf vun der Partie näischt méi ubrenne gelooss. Den Opsteiger konnt sech deemno Nordduell géint Ettelbréck fir den Optakt vun der neier Saison behaapten.

© Joel Sauber

Péiteng - Stroossen 2:0

Ouni de blesséierten Abreu ass Péiteng an dësen 1. Spilldag géint Stroossen gaangen. Kuerz no der Véierelsstonn huet et fir d’éischte Kéier gerabbelt, dat wéi den Hamzaoui seng Ekipp a Féierung brénge konnt. Kuerz virun der Paus dunn huet de Stroossener Kipper op en Neits hannert sech misse gräifen: de Maah hat op 2:0 eropgeschrauft.

Déi 2. Hallschecht huet sech vill an der Mëtt ofgespillt, ouni datt Stroossen déi Péitenger seriö ënner Drock setze konnt. Bis zum Schluss huet d’Ekipp vum Trainer Bouzid de Virsprong viru ronn 350 Zuschauer geréiert a schlussendlech déi éischt 3 Punkte konnte feieren.

© Steven Milbert

D’Tabell vun der BGL Ligue

Den Iwwerbléck vun der Éierepromotioun

Back to Top
CIM LOGO