
De Lëtzebuerger Champion vum leschte Joer war am Critérium du Dauphiné gefall an hat sech um Knéi blesséiert. Fir d’Lëtzebuerger Championnat hat den Alex Kirsch misse Forfait erklären. Den Alex Kirsch gëtt duerch de Jasper Stuyven remplacéiert. De Kevin Geniets an de Bob Jungels dierften an nächster Zäit vun hiren Ekippe confirméiert ginn.