E Samschdeg den Owend um 20.10 Auer ass de Ralph Diseviscourt bei der Race Across France gestart. Zanterhier ass hie quasi nonstop um Vëlo ënnerwee. Bannent den éischte 24 Stonnen ass den Ultra-Cyclist eng 750 Kilometer gefuer.
Déi éischt Schlofpaus gouf et fir den Dizzy an der Nuecht op e Méindeg. Hei huet hie sech fir eng Stonn higeluecht. Duerno ass hie bis op kleng Pausen, fir ënnert anerem ze iessen oder eng Massage, ëmmer weidergefuer an ass esou och bannent den zweete 24 Stonnen nees eng gutt 700 Kilometer gefuer.
Wéi geplangt, gouf et dunn an der Nuecht op en Dënschdeg eng zweet Schlofpaus. Zu Annecy beim Séi huet sech de Ralph Diseviscourt fir eng Stonn schlofe geluecht. Duerno gouf et nach eng Massage an neit Gezei, ier et um 6 Auer nees weidergaangen ass.
Bis en Dënschdeg kuerz viru 16 Auer ass den Dizzy ronn 1.600 Kilometer gefuer an ass elo matten an den Alpen ukomm. Déi éischt dräi Bierger huet de souveräne Leader vun der Course dann och scho gepackt, dat mam Col de la Colombière (1.150 Héichtemeter), der Montée erop op Megève an dem Cormet de Roselend.
Link: Hei kënnt Dir kucken, wou den Dizzy drun ass

An den nächste Stonne geet et richteg schwéier weider. Et waarden: Col de l’Iseran, Col du Galibier an d’Alpe d’Huez. Et dierften déi schwéierst Momenter bei der Race Across France ginn, ma aktuell ass de Lëtzebuerger weider gutt drop an et leeft alles no Plang, dat déi lescht Réckmeldung vun der Ekipp, déi den Dizzy wärend der Course begleet.
RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem: Race Across France Ralph Diseviscourt mat wéineg Schlof um Wee a Richtung Alpen (Dag 2)
RTL-Artikel: Ultra-Cyclissem Ralph Diseviscourt gutt an d’Race Across France gestart (Dag 1)