Tour de France: 20. EtappSchlecht Wiederprevisiounen: Lescht Biergetapp zolidd gekierzt

RTL Lëtzebuerg
D'Organisateure vum Tour de France hu wéinst de schlechte Wiederprevisioune d'Etapp vun e Samschdeg op 59 Kilometer gekierzt.

Déi 20. Etapp vum Tour de France sollt eigentlech iwwer 130 Kilometer vun Albertville op Val Thrones goen. Wéinst de schlechte Wiederkonditioune gouf déi lescht Alpen-Etapp awer op 59 Kilometer gekierzt, dat hunn d’Organisateuren e Freideg den Owend matgedeelt. Vun den 3 Bierger bleift nëmmen nach d’Schlussmontée iwwreg.

Den Depart ass anstatt um 13.45 Auer eréischt um 14.30 Auer. Den Egan Bernal huet e Samschdeg de giele Maillot op senge Schëlleren. Hien huet e Virsprong vun 48 Sekonnen op de Julian Alaphilippe.

De Julian Alaphilippe hat e Freideg de Maillot Jaune verluer. Wéinst Knëppelsteng war d’Etapp nom zweetleschte Bierg ofgebrach ginn.

RTL-Artikel: 19. Etapp wéinst Knëppelsteng verkierzt, Bernal a Giel

General

Back to Top
CIM LOGO