De Pendelmeier
Den Henri Meier, kuerz Pendelmeier genannt, war Joerzéngten als Wënschelrutengänger, Pendler a Radiästhesist bis an d'70er Joren e gefrotene Mann.
Vun deenen engen als Fantast an Illusionist ofgestempelt, gouf hie vu villen anere bewonnert a gefrot, fir mat senger Wënschelrut ënnerierdesch Quellen, Mineralien oder Wäertstoffer ze fannen.
Gebéckt iwwer enger Landkaart huet den Henri Meier mam Pendel probéiert, op Distanz erauszefannen, wou eng vermësste Persoun ze siche wier. Hien huet och eng sëlleche Patienten, déi krank waren, ofgependelt.
Den Henri Meier ass 1973 am Alter vu 84 Joer gestuerwen. Op d‘Kriticke vun senge Géigner, déi seng aussergewéinlech Fäegkeeten als Bluff ofgestridden hunn, war seng Äntwert: „Dat ass well d’Leit näischt wëssen. Was der Mensch nicht kennt, das friesst er nicht. Was der Bauer nicht kennt, das frisst er nicht.“