Et gëtt et och bei eis Mënschen, déi ënner schlëmmste Konditioune liewen a schaffen, déi ausgebeut ginn, erniddregt ...

... déi am Fong näischt aneres sinn ewéi modern Sklaven. Mënschenhandel - e Geschäft, dat am Groussen an och am klenge Stil funktionéiert, awer ëmmer d’Nout vun den Affer ausnotzt. Am Film léiert Dir 3 Mënsche kennen, deenen hir elementar Rechter mat Féiss getrëppelt goufen an déi Jore gebraucht hunn, ier se Hëllef fonnt hunn. Et sinn dräi Schicksaler, déi eenzegaarteg sinn, an awer stellvertriedend fir esou vill anerer.

An hirem Documentaire hunn d’Maryse Lanners an den Dan Wiroth hinnen d’Méiglechkeet ginn, am Schutz vun der Anonymitéit hiert Leed an hir Erfahrung ze zielen, awer och hire Wee eraus.

Nom Film war et den Debat an der Ronn mam Maryse Lanners iwwert d'Hannergrënn, mam Commissaire en chef Jos Sadler iwwer dat, wat Afferschutz ass, mat der Affekotin Claudia Monti, déi béid Säite kënnt, déi vun den Affer an den Täter, iwwer dat, wat eist Gesetz virgesäit, a mam President vun der Mënscherechtskommissioun Gilbert Pregno, deen e Mëttwoch den éischte Rapport vun der CCDH iwwert de Mënschenhandel presentéiert, doriwwer, firwat sou laang fortgekuckt ginn ass.

D'Invitéen am Iwwerbléck:

JOS SADLER
Commissaire en chef, zoustänneg fir den Afferschutz

RTL

CLAUDIA MONTI
Affekotin

RTL

GILBERT PREGNO
President Mënscherechts-Kommissioun

RTL

MARYSE LANNERS
RTL-Journalistin

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.

RTL

© RTL Télé Lëtzebuerg - Eric Steichen