Thema: Lëtzebuerg vir - virun Allem?
Et kann op eemol séier goen! En Aktiounsplang mat 40 Punkten, eng Strategie iwwer 20 Joer fir ons Sprooch, huet d’Regierung presentéiert...
Déi leschte Kéier wou iwwert d'Sprooch am Kloertext geschwat gouf ass eréischt e pur Méint hir, mam Auteur vun der Petitioun fir d’Lëtzebuergescht Amtssprooch ze maachen! Ewell ass de Lucien Welter an der ADR, mir all sinn an engem Waljoer an d’DP huet der alternativer Partei eent vun hire Kärthemen esou besat, dass net méi vill Sputt bléift fir weider Fuerderungen.
Iwwerhaapt gëtt et keng Partei am Land di net seet d’Lëtzebuergescht sollt gestäerkt ginn, kee Wonner wa keng Petitioun sou vill Succès hat a kaum een Thema sou vill Commentairen an Emotiounen ausléist. Ëmmer méi - firwat wou dach méi fir d’Sprooch gemaach gëtt wei jee?
Wat stécht hannert dem Sproochepatriotimus, wéi wäit soll ee goen, och europäesch? A wéi kënnt et, dass et nach ëmmer keng komplett Schreifweis gëtt? Wien ass zoustänneg? Wat sinn d’Grenze vun onser Sprooch? A wéi den Equiliber hale fir gläichzäiteg d’Lëtzebuergescht an d’Méisproochegkeet ze fërderen?
Dat ass d'Thema e Sonndeg den Owend am Kloertext.
D'Invitéen am Iwwerbléck:
Marc Barthelemy
President Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch
Nuria Garcia
Politikwëssenschaftlerin a Fuerscht iwwer d'Sproochepolitik
Jemp Schuster
Auteur, Theatermann
Michel Weimerskirch
Grënner Spellchecker
Serge Allegrezza
Direkter Statec
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL. Am Replay kënnt Dir de Kloertext vun e Méindeg un op RTL.lu kucken.