US-Pëtrolsmultien hunn de Reebësch verknascht, Awunner waarden op Entschiedegungen an ...

den neien US-President setzt voll op Uelech a Kuel fir Amerika nees grouss ze maachen - ouni Récksiicht op d’Klima!

Alles huet säi Präis heescht et, mä dacks gëtt dee vun de falsche Leit bezuelt, wéi z.B. am Amazonas d’Mobilitéit an de räiche Länner an de Profit vun den Uelechmultie kascht d’Mënschen do hir Gesondheet. Mir weisen Iech lo gläich e Reportage vum Dan Hardy iwwert eng Studierees an den Ecuador, déi vum Klimabündnis an ASTM organiséiert gouf,  fir de Schued ze gesinn, deen duerch Pëtrolsbuerungen entstanen ass, awer och de Kampf vun den Urawunner fir entschiedegt ze ginn, nom Film diskutéiere mir wéi e global Entreprisen derzou brénge kann hir Verantwortung z’iwwerhuelen, froe wéi geféierlech déi nei US-Administratioun ass, déi voll op fossil Energie setzt a Klimaschutz als iwwerflësseg betruecht, a wéi et mat onse Klimaziler steet a wat d’Zukunft vu Lëtzebuerger Pompelstatiounen ass!

De Kloertext fänkt e Sonndeg um 18.25 Auer un.

D'Invitéen am Iwwerbléck:

Carole Dieschbourg

Ëmweltministesch

RTL

© Eric Steichen

Jean Lamesch

Vizepresident Nohaltegkeetsrot

RTL

© Eric Steichen

Cathy Kaes

War mat an den Ecuador

RTL

© Eric Steichen

Pol Polfer

Klimabündnis Lëtzebuerg

RTL

© Eric Steichen

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)

Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL. Am Replay kënnt Dir de Kloertext vun e Méindeg un op RTL.lu kucken.