Wéinst den Tounproblemer an der Chamber gouf d'Spezialemissioun "Kloertext" vun en Dënschdeg op e Mëttwoch nom Journal op der Télé verréckelt.

De Staatsminister huet a senger véierter Ried zur Lag vun der Natioun mat vill Zouversiicht an d'Zukunft vum Land gekuckt. An dësem Kloertext Spezial gouf diskutéiert, wat de Premier ugekënnegt huet a wat hien net ernimmt huet.

A wéi wäit hunn d'Invitéen sech a senger Ried erëmfonnt. Mir hunn de jonke Politiker d'Wuert ginn, déi am längste mat de Konsequenzen liewe mussen.

Invitéiert waren:

- Carole Thoma, Spriecherin "déi Lénk"
- Claude Schommer, President JDL
- Sammy Wagner, President LSAP Stengefort
- Alex Donnersbach, Vize-President CSJ
- Meris Sehovic, Spriecher "Déi Jonk Gréng"
- Felix Reding, Jugendpolitiker ADR

D'Emissioun gouf wéi ëmmer presentéiert a moderéiert vum Caroline Mart.