UNI.lu: Kapitän vu Bord, firwat?
E Direkter gehäit d'Handduch! War de Rainer Klump fir d'Uni.lu eng Feelbesetzung oder stiechen nach ganz aner Problemer a Muechtkämpf dohannert?
Chronik vun enger Demissioun, déi ee gesinn huet kommen. Sou kéint een d'Annonce des Woch resüméieren, wéi de Rainer Klump, drëtte Rektor vun onser nach jonker Uni, d'Handduch gehäit huet. Keng grouss Explikatiounen, keng grouss Commentairen, mä och keng grouss Iwwerraschung fir all déi, déi d'Uni an hire Fonctionnement kennen. Zwee Joer huet hien d'Geschécker vun der Uni geleet, als Successeur vum Rolf Tarrach, deen eng aner Approche an en anert Temperament hat, och fir sech an d'Uni no baussen ze vertrieden!
Lo huet d’Uni mol hiren Rektor no grad 2 Joer verluer an natierlech stelle sech vill Froen wann e Kapitän esou d'Boot verléisst. Fräiwëlleg oder gouf nogehollef, mä viru allem firwat? Sinn et just déi budgetär Problemer an Defiziter, déi hie ganz offensichtlech net an de Grëff krut, a wéivill dervun ass iwwerhaapt seng Responsabilitéit? A wéi wäit stiechen net ganz aner strukturell Problemer derhannert, wien huet iwwerhaapt d'Soen an der Uni, wéi sinn d'Muechtverhältnesser intern, wéi autonom ass d'Uni wierklech, wien décidéiert iwwert hir Ausriichtung, ass et virop eng Fuerschungsuni mat méiglechst séiere Resultater och economesch? Wat sinn d'Perspektive fir d'Geeschteswëssenschaften, wat soll eng Uni iwwerhaapt der Lëtzebuerger Gesellschaft bréngen?
INVITÉEN AM IWWERBLÉCK
Romain Martin
Vizerektor Uni.lu

Marc Hansen
Héichschoulminister DP

Ben Fayot
Laangjärege bildungspoliteschen Expert LSAP

Michel Pauly
Historiker Uni.lu

Martine Hansen
Fréier Héichschoulministesch CSV

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Sonndeg um 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg.
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)
Rediffusioun vum Kloertext um Sonndeg den Owend kuerz no 20 Auer op der Tëlee um 2. RTL.