Zanter 30 Joer hält eng UN-Konventioun fest, wat Rechter vu Kanner a Jonke sinn, mä wou si mir zu Lëtzebuerg drun?

Enn November war den 30. Anniversaire vun där Konventioun. Zu Lëtzebuerg feiert den ORK, den Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand, säin 18. Anniversaire, also seng Groussjäregkeet.

Am Grand-Duché hate mir hefteg a jorelaang Debatten iwwer Mineuren am Prisong oder iwwert d'Reform vum Jugendschutzgesetz an nach wéineg reell Matbestëmmung. Firwat di mir ons esou schwéier, eens ze ginn iwwert dat, wat d'Juristen den "Intérêt Supérieur" vum Kand nennen?

Joerzéngtelaang gouf gestridden, ob Mannerjäreg op Schraasseg gehéieren oder net an ob d'Jugendschutzgesetz vun 1992 soll reforméiert ginn, an dat zanter 2004. Bleift et beim Prinzip vum Jugendschutz oder gëtt paradoxerweis e Strofrecht méi kloer Garantien? Wéi kann een de Kanner hir Rechter vermëttelen? Wéi wäit kënnen a solle si agebonne ginn an Decisiounen, déi si betreffen? Sief dat a grousse Froen, wéi och ganz banal am Alldag a Schoul, Maison Relais oder Gemeng. Wéi kannerfrëndlech ass ons Gesellschaft? Doriwwer hu mir de Mëttwochowend mat eisen Invitéen diskutéiert.

Fuerderung: Gesetzestext muss méi "lisibel" ginn

Am Strofrecht huet de Jugendlechen déi selwecht Rechter wéi en Erwuessenen, ma et muss awer méi kloer am Gesetzestext néiergeschriwwe ginn. Den Ament wier de Gesetzestext net "lisibel", sou heescht et vum President vum ORK. Nieft enger méi klorer Formulatioun, wënscht sech de René Schlechter eng Trennung vun 2 Aspekter: Op der enger Säit e Jugendlechen, dee mam Gesetz a Konflikt geroden ass, an op der anerer Säit eng Jugendschutzmoossnam. Bis Januar 2022 kann un der Redaktioun vun engem neien Text geschafft ginn. E wichtegen Afloss op d'Upassung vum Gesetzestext huet d'Renate Winter, Vize-Presidentin vum Comité fir Kannerrechter. En Treffen, op dat sech d'Generalaffekotin Simone Flammang freet.

Dem Charel Schmit no geet dës Actrice eleng awer net duer, fir eng besser Versioun vum Text op d'Been ze stellen. Acteure wéi Elteren an och Etüde vun der Jugendfuerschung wieren hëllefräich an dëser Ugeleeënheet.

Jugendstrofrecht

Schwiereg ass och d'Fro, wéi ee mat jonke Leit ëmgeet, déi géint d'Gesetz verstouss hunn. De René Schlechter bezeechent et als "No go", Kanner an engem Prisong fir Erwuessener ënnerzebréngen. Bis November 2017 gouf et keng aner Plaz fir Mannerjäreger, déi eng schlëmm Dot begaangen hunn oder widderhuelt d'Gesetz net respektéiert hunn, erkläert d'Simone Flammang. Elo mat der Unité de Sécurité zu Dräibuer huet een eng Plaz fir déi betraffe Jugendlech. Am Joer 2019 ass et also keng "Realitéit, déi am Alldag verankert ass", dass e Mannerjäregen zu Schraasseg am Prisong sëtzt, sou nach d'Generalaffekotin beim Parquet Général.

Hei freet sech, ob eng Strof e Jonke méi schütze kann, wéi e Schutzrecht? Dem Charel Schmit no steet d'Jugendstrofrecht fir Rehabilitatioun a Reintegratioun an net fir Repressioun. Den erzéiereschen Aspekt steet am Virdergrond, zum Beispill den handlungsfäege Jugendlechen. Hie kritt d'Méiglechkeet, dat nees gutt ze maachen, wat hie falsch gemaach huet, an aktiv ze handelen. De Schwéierpunkt soll net op der Fro leien, op wéi eng Manéier hie géint d'Gesetz verstouss huet. Wéi et vum Simone Flammang heescht, wier et méi wichteg, ze verstoen, wat den Ausléiser war am Ëmfeld a wéi ee virgoe kann, dass esou Doten an Zukunft net méi virkommen.

Eng Stëmm fir déi Jonk

Vill Kanner a Jugendlecher kennen hir eege Rechter net a ginn am Alldag och net mat deene konfrontéiert. De Luka Glod ënnersträicht dass et wichteg ass, dass Jonker iwwert hir eege Rechter informéiert ginn, dass si wëssen, wat am Gesetzestext drasteet. Wat awer bal nach méi wichteg ass, wier d'Méiglechkeet, iwwert hir Rechter schwätzen ze kënnen, dat heescht, léieren, sech auszedrécken an anere Leit, och Politiker, kënnen ze soen, wat een als Jonke brauch a wat ee sech vun der Politik erwaart. Net nëmmen déi Erwuessen, ma och d'Awunner, déi manner wéi 18 Joer hunn, hätten eng Stëmm. An déi Stëmm wier an eiser Welt vu Bedeitung.

An deem Kontext stellt sech d'Fro, ob d'Stëmm vun engem Kand zu Lëtzebuerg eescht geholl gëtt? Et wier eng positiv Entwécklung an de leschte Joren ze gesinn, fannen d'Roksan Maly an de Luka Glod. E gutt Beispill wier do d’Beweegung Fridays for Future.

Där Meenung sinn och de President vun ANCES an de President vum ORK. D'Kannerrechter stinn ëmmer méi am Mëttelpunkt vun eiser Gesellschaft, se musse konsideréiert ginn, betount de René Schlechter. Wat fréier als utopesch gegëllt huet, gëtt haut an der Bildung ëmmer méi gefërdert, seet nach de Charel Schmit. Et kann awer net vun enger Gläichstellung tëscht Erwuessenen a Jugendlechen/Kanner geschwat ginn. Dacks ginn déi Jonk net eescht geholl an hinne gëtt net nogelauschtert. Et ass verständlech, dass Jonker net an all Beräich mat diskutéiere kënnen, sou d’Paulina Dabrowska, awer et kann ee si duerchaus abezéien, wann et ëm Theme wéi Schoul oder zum Beispill Spillplaze geet - Terrainen, an deene si sech gutt auskennen. Léisungsorientéiert Gespréicher, amplaz passiivt Nolauschtere sinn also gefrot.

Wat ka gemaach ginn, fir d'Kannerrechter besser ze implantéieren? Fir déi zwee Jonk steet fest: D'Kommunikatioun ass den A an O. Schoulen, Participatiounsprojeten an Initiative wéi de Kannerbüro kënnen déi jonk Generatioun op hirem Wee begleeden, fir Wëssen unzëeegnen, eng Meenung ze bilden an ze léieren, dës ze artikuléieren.

D'Invitéë waren

Simone Flammang
Generalaffekotin beim Parquet General

René Schlechter
President vum ORK, dem Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand

Charel Schmit
President vun ANCES, dem Fachverband fir Sozial Aarbecht, Bildung an Erzéiung

Paulina Dabrowska
Coordinatrice vum "Kannerbureau Wooltz"

Luka Glod a Roksan Maly
Zwee Jonker, déi als Kanner am "Kannerbureau Wooltz" aktiv gi sinn a fréi geléiert hunn, wéi si sech abrénge kënnen.

De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)