Wéi schaarf däerf e schéissen an der Politik?
De Ball an net de Mann spillen, esou sollt et sinn. Mä wéi ee Gewiicht hunn nach Argumenter a Fakten am politeschen Discours?
Am leschte Kloertext vun dësem Joer goung et e Mëttwoch den Owend méi konkret ëm déi politesch Kommunikatioun no baussen. Wéi bréngt ee seng Iddien an Iwwerzeegungen un de Bierger? Dat zu enger Zäit, an där d'Sozial Medien ëmmer méi als eenzegt Kommunikatiouns-Geschir genotzt ginn. Invitéë waren de Ausseminister Jean Asselborn, den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, den CSV-Deputéierte Michel Wolter, d'Parteipresidentin vun de Gréngen Djuna Bernard an de Piraten-Deputéierte Sven Clement.
Ënner anerem gouf de rezente Facebook Post vun der ADR-Politikerin Sylvie Mischel diskutéiert. D'Angschtmaacherei vu Säite vun der ADR-Politikerin wier net begrënnt, esou den Ausseminister. Beim Poste vun der Foto mat de Flüchtlingen hätt hie just wëlle säin Job maachen, en negative Réckschlag an deem Ausmooss hat hie sech net erwaart. De Jean Asselborn:
„Ech hunn e ganz einfachen Text geschriwwen, datt mir eis Aarbecht gemaach hunn. Datt mer déi Leit wëllkomm bei eis heeschen an hoffen, datt se sech wuelfillen. An datt se en neit Liewe kënnen ufänken. Méi war et net."
Dat Ganzt, dat nodréiglech drageluecht gouf, wier an der Responsabilitéit vun der ADR - Konter koum hei vum Fernand Kartheiser. Verschidde Reaktiounen a Kommentaren op dëse Post wieren net gewënscht gewiescht.
„Ech soen net, datt op Facebook alles dierf gesot ginn: perséinlech Beleidegungen oder Ligen. An dofir hu mir gesot: dat wëlle mir net! D'Madamm Mischel huet jo och den Schrëtt gemaach dat ze ënnersträichen. Ech soen awer och, datt d'Leit ëmmer méi d'Gefill hunn, datt se net méi kënne soe wat se wëllen an dat ass net gutt fir eis demokratesch Kultur.", sou de Fernand Kartheiser an der Ronn um Platto.
Ma och d'Parteie wiere Responsabel fir d'Kommentaren op hire Plattformen, esou de Piraten-Deputéierte Sven Clement:
„Wat op der eegener Facebook- oder Twitterwand geschitt, muss een zu engem gewëssene Grad moderéieren. Et kann een net erwaarden, datt e Politiker 24/7 dat moderéiert. Ma wann esou Saachen deelweis e puer Deeg do stinn, huet een d'Chance eppes ze maachen."
De grousse Problem vun der Kommunikatioun iwwer d'sozial Medie wier awer och, datt et Moyene si fir ze verhënneren, datt inhaltlech diskutéiert gëtt. Eng Gesellschaft déi ëmmer méi vun Iwwerschrëfte lieft, och Politiker géifen dovu profitéieren, esou de Michel Wolter:
„Et ass ganz generelle Phenomen. Haut gëtt de Politiker net méi bewäert op seng Kompetenz, falls e jeemools wierklech op seng Kompetenz bewäert ginn ass, mä op seng Sympathie. Deen, deen et fäerdeg bréngt, an engem bis 2 Sätz sech sympathesch ze verkafen, ass haut deen, dee wënnt."
Am Virfeld vun der Diskussiounsronn
"Et geet elo duer, de Rechtsstaat gëtt net méi respektéiert", en Zitat vum CSV-Deputéierte Gilles Roth am Juli an der Chamber wéinst den Datebanke vu Police a Justiz. De Rescht vun der Oppositioun hat doropshi jo solidaresch mat de Sall verlooss, wat Regierungsparteien als "en neien Déifpunkt an der politescher Kultur" bezeechent hunn.
Wou ass se dann drun, déi politesch Kultur a Kommunikatioun zu Lëtzebuerg? Dat froe mir um Enn vun engem Joer, dat räich un Affären a Skandaler war. Gëtt do den Opreegungspeegel bewosst héich gefuer? Ginn aus Stierm am Waasserglas Staatsaffäre gemaach? Wéi gëtt mam politesche Géigner debattéiert op Basis vu Fakten an Argumenter oder éischter attackéiert an op Emotioune gesat? Wou ginn d'Debatte gefouert? Ëmmer méi an de soziale Medien, wou laanscht déi klassesch Medie vill Politiker sech erklären an inzenéiere kënnen, an net just déi Jonk. An trotzdeem ass den Ëmgank vu jonke Politiker mat Facebook Twitter & Co. en aneren.
Iwwer Affären a wéi wou mat wiem kommunizéieren, doriwwer gouf e Mëttwoch den Owend mat eisen Invitéë geschwat.
D'Invitéë waren
Jean Asselborn
LSAP, Ausseminister
Djuna Bernard
déi Gréng, Deputéiert a Parteipresidentin
Sven Clement
Piraten, Deputéierten
Michel Wolter
CSV, Deuputéierten a Buergermeeschter
Fernand Kartheiser
ADR, Deputéierten
De Kloertext leeft am Prinzip all zweete Mëttwoch um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)