De Coronavirus ass sécher déi aktuellsten Urgence fir d'Santé, mä et feelt net un aneren Erausfuerderungen!

Wéi kann een all eenzele Patient beschtméiglech behandelen? Dat war d'Fro, ëm déi de Kloertext op der Telé gedréint huet.

Zu Lëtzebuerg muss elo gekuckt ginn, wéi déi medezinesch Versuergung an Zukunft soll ausgeriicht ginn an dat geschitt jo och um Gesondheetsdësch, dee viru 14 Deeg lancéiert gouf.

Manktem vu Fleegepersonal

Ee Sujet, deen do diskutéiert gëtt, ass de Besoin un Dokteren a Fleegepersonal. E Problem, deen net ze niéieren ass, wéi d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Emissioun ënnerstrach huet.

Nach schaffe genuch Dokteren an Infirmieren zu Lëtzebuerg, mä et muss elo eppes ënnerholl ginn! Doriwwer gëtt e Konsens an dat hat jo och d'Etude vun der Marie-Lise Lair gewisen.

D'Doktere kënne sech awer net iwwer ze mann Aarbecht bekloen. An enger Urgence, zum Beispill, soll en Dokter zwee Patienten d'Stonn gesinn, seet den Emile Bock, de President vun der Associatioun vun den Urgentisten.

Den Ament wier dee Pensum zu Lëtzebuerg awer zwee bis dräimol esou grouss. Et hätt sech zwar an der Lescht bëssen eppes gedoe, mä esou den Emile Bock, "mir si wäit vun deem ewech wat hätt misse gemaach ginn".

Extrait Emile Bock

An Zukunft ass eng méiglechst breet Offer vu Gemeinschaftspraxisse wuel deen eenzege Wee, och fir ze verhënneren, datt de Generalist, dee fréier Dag an Nuecht z'areeche war, extrem laang Aarbechtszäiten huet.

IRM ausserhalb vum Spidolssecteur

Am Lëtzebuerger Gesondheetssystem ginn et den Ament nach eng Rei Akten, déi fir de Spidolssecteur reservéiert sinn. Am Fall vum IRM huet d'Geriicht missen tranchéieren, mä et ass e System, dee muss hannerfrot ginn, esou d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Extrait Paulette Lenert (1)

Fir de President vun der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren Alain Schmit ass et net just d'Diskussioun vun den IRMen. A sengen A gëtt et e generaliséierte Problem mam Gesondheetssystem. Hie fënnt, datt den Accès vun de Patienten zu der medezinescher Versuergung net méi gutt genuch ass.

Extrait Alain Schmit

Ee Wee, fir dat ze reegelen, ass fir den Dr. Schmit eng gewëssen ambulante Offer, déi sech awer an e vernetzten Gesamtkonzept misst integréieren.

AMMD weider géint Tiers payant

D'AMMD huet och nach emol betount, datt se géint de generaliséierten Tiers payant bleift, d'Gesondheetsministesch ass gudder Déng, datt ee sech och an deem Dossier eens gëtt.

D'Paulette Lenert huet iwwregens och confirméiert, datt et, wat d'Legaliséierung vum Cannabis betrëfft, nach eng Rei juristesch Froen ginn. Et schafft een drun, mä datt d'Legaliséierung nach an dëser Legislatur kënnt, ka si den Ament net garantéieren.

Coronavirus zu Lëtzebuerg: Eng Saach vun der Zäit

Et ass wuel just eng Saach vun der Zäit, bis et deen éischte Fal vum Coronavirus och zu Lëtzebuerg gëtt. Dodrun dierft an Tëschenzäit kee méi zweiwelen.  D'Leit sinn zum Deel veronséchert an, seet de Generalist Dr. Roger Heftrich, de Virus gëtt zum Deel méi schlëmm gemaach, wéi e wierklech ass.

Extrait Roger Heftrich

Am Ministère gouf a gëtt sech natierlech och d'Fro gestallt, wéi ee kommunizéiert. Mécht een dat net, riskéieren d'Autoritéite virgehäit ze kréien, si géifen eppes wëlle vertuschen, kommunizéiert een ze vill, kéint een zu enger gewësser Panik bäidroen.

Extrait Paulette Lenert (2)

Et hu matdiskutéiert:

Paulette Lenert

Gesondheetsministesch / LSAP

Dr. Alain Schmit

President AMMD / Gastroenterolog

Dr. Hansjörg Reimer

Direkter CHEM / Chirurg

Dr. Emile Bock

President Associatioun vun den Urgentisten

Dr. Roger Heftrich

Generalist an engem Cabinet médical / Sekretär Collège Médical