An der Emissioun "Kloertext" goung et en Donneschdeg ëm d'Recht vu Kanner, fir hir Originne gewuer ze ginn.

An der Emissioun Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg hunn d'Justizministesch Sam Tanson an den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser en Donneschdeg den Owend zum Deel ganz hëtzeg diskutéiert. Et goung deen Ament ëm de Gesetzprojet 7674, datt d'Kanner hir Originne solle kennen.

D'ADR hat viru gutt 14 Deeg eng Polemik lass getrëppelt, andeem se behaapt huet, déi Gréng wéilten d'Pappen ofschafen.

D'Justizministesch sot, si wier relativ skandaliséiert driwwer, wéi bei engem fundamentalen Gesetztext probéiert gëtt, op eng populistesch Aart a Weis Politik ze maachen a wéi dofir gesuergt gëtt, datt Haass am Internet gestreet gëtt.

D'Sam Tanson war selwer an de soziale Medie viséiert vu ganz schroe Posten, an deenen et zum Beispill geheescht huet, si misst geschloe ginn, bis se net méi opsteet.

"Op där enger Säit déi Posten, a mat déi Schlëmmsten, déi ech gesinn hunn, déi stounge bei Iech net perséinlech, mä beim ADR op der Facebook-Säit. Dann ass et immens einfach ze soen "ech hunn näischt domadder ze dinn an dat wëll ech net an ech toleréieren dat net", well Dir toleréiert et. Dir toleréiert et net just, Dir provozéiert et, andeems Dir geziilt eng Foto vu mir deelt an niewendru schreift "déi Gréng wëllen de Papp ofschafen", wat an deem heite Kontext Null stëmmt. Et ass net wouer. Et ass d'ailleurs iwwerhaapt net wouer.
Dat ass wéi ze soen "déi Gréng wëllen de Summer ofschafen". Et ass absurd. Et ass komplett absurd an Dir provozéiert doduerch Haass."

D'Caroline Mart huet e puermol beim Fernand Kartheiser nogefrot, firwat hie sech net vun deene Posten distanzéiert huet. Posten, déi een och zu all Ament kann "invisibel" maachen. Hei eng vun den Äntwerten vum ADR Deputéierten.

"Ech weisen Iech emol eng Kéier oder der Madamm Tanson, wat ech fir Kommentare kréien, wann ech den Här Asselborn kritiséieren, dat sinn zum Deel honnerten Haassmessagen"

Caroline Mart: "Dat huet jo lo awer näischt heimat ze dinn?"

"Dach, et ass fir Politiker bal normal."

Caroline Mart: "Ass et fir e Politiker normal, Haasscommentairen ze kréien? Sot Dir dat?"

"Mir kréien der dauernd."

Caroline Mart: "Ass dat normal?"

"Et ass eng statistesch Normalitéit, et ass keng ethesch Normalitéit."

D'Caroline Mart huet nach emol nogefrot, ob de Fernand Kartheiser sech vu verschiddene Posten distanzéiert oder net.

"Kuckt, jiddereen ass fräi ze schreiwen, wat e wëll a jiddereen huet seng eege juristesch Verantwortung fir dat, wat e schreift. Wann een Iech perséinlech beleidegt, da kënnt Dir viru Geriicht goen, wann Der dat wëllt an Iech verdeedegen. Ech hunn Iech gesot, datt ech et net richteg fannen an net gutt, wa Leit aner Leit perséinlech ugräifen. Wann Dir dat wëllt héieren, dat ass meng Iwwerzeegung."

D'Justizministesch Sam Tanson huet am Kloertext och betount, datt si an Tëschenzäit Plainte wéinst deene Messagë gemaach huet. An der Diskussioun goung et en Donneschden den Owend awer ënnert anerem och ëm kënschtlech Befruchtung, ëm Adoptiounen an ëm d'Fro, wat e Kand brauch, fir "gutt" kënnen opzewuessen.

Bei deene Froen huet och d'Dokter Caroline Schilling matdiskutéiert. Si ass Gynekologin a Responsabel vum Service PMA am Centre hospitalier an Invité war och d'Christine Stadelmann. Si ass Psychologin an der Maison de l'adoption.

Resume Kloertext / Reportage Dany Rasqué

Eis Invitéë waren:

Sam Tanson

Justizministesch, déi Gréng

Dr Caroline Schilling

Responsabel vum Service PMA/ CHL, Gynekologin

Fernand Kartheiser

ADR-Deputéierten

Christine Stadelmann

Psychologin an der Maison de l’Adoption

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)