Mir si Meeschter am Testen - Wéini am Impfen?
An der Emissioun "Kloertext" goung et en Donneschdeg ëm d'Testen an d'Impfen an der Coronapandemie.
Op den Dag virun engem Joer huet Weltgesondheetsorganisatioun Pandemie ausgeruff bei du weltwäit 118.000 Infektiounen. Ee Joer drop sinn et bal 120 Milliounen Infizéierter an 2,6 Milliounen Doudeger. An iwwerall op der Welt ginn déi selwecht Froe gestallt: Wéi komme mir eraus aus dem Albdram? Andeems mir testen testen testen?
"All eenzele Schrëtt wéi Impfungen, PCR-Tester a Schnelltester soll dozou bäidroen, datt mer de Virus ënner Kontroll behalen." Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an der Emissioun Kloertext op der Tëlee.
Ee vun de Sujete war en Donneschdeg den Owend de Large-Scale-Testing, deen elo an déi 3. Phas gaangen ass an nach emol 43 Milliounen Euro kascht. E wëssenschaftleche Sträit iwwert de Sënn oder Onsënn vum Large-Scale-Testing gouf et tëschent dem Dr Paul Wilmes, dem Spriecher vun der Covid-19-Taskforce - déi d'Regierung beréit - an dem Dr Gérard Schockmel, Infektiolog an den Hôpitaux Robert Schuman.
Den Dokter Gérard Schockmel, deen Infektiolog an den Hôpitaux Robert Schuman ass, huet an der Vergaangenheet schonn däitlech gemaach, datt hien alles mee kee Frënd vun där Strategie ass an och eng rezent Publikatioun an engem Magasinn vum "Lancet"-Grupp huet näischt u senger Meenung geännert. Et geet ëm eng Etüd, déi Membere vun der Covid-19-Taskforce publizéiert hunn an an där et heescht, datt tëschent dem 27. Mee an dem 15. September knapp 1.800 Neiinfektiounen duerch de Large-Scale-Testing verhënnert goufen.
Den Dokter Gérard Schockmel bleift awer dovunner iwwerzeegt, datt déi Strategie kee groussen Impakt op d'Ausbreedung vun den Infektiounen huet: "Et gëtt ëmmer gesot: 'Mir hunn hei verhënnert, mir hunn do verhënnert. Wat wier gewiescht wann? Wat wier gewiescht, wa mer net de Large-Scale-Testing gehat hätten?' Da schreiwe se zum Beispill am Artikel, da wier déi zweet kleng Well, déi haaptsächlech am Juli war, méi grouss gewiescht, ëm 42 Prozent. Dat ass eng Behaaptung! Wann ee kuckt, wéi de Verlaf vun der Well war, si war am Juli, si ass relativ konstant bliwwen an am August huet se ofgeholl. Jo, Mëtt Juli sinn d'Leit an d'Vakanz gefuer, zwou Wochen dono erwaart een, datt et erofgeet a genau dat huet een an der Courbe gesinn."
Dat ass eng Ausso, déi den Dr Paul Wilmes, de Spriecher vun der Covid-19-Taskforce, natierlech net wollt esou stoe loossen: "Mir hunn - an dat ass jo genau am Detail an der Publikatioun beschriwwen - mir hunn dat jo modelléiert." Doropshin den Dr Gérard Schockmel: "Jo, et ass e Modell, et ass eng Spekulatioun." "Nee, nee, Dir hutt jo elo gesot, et wier eng Behaaptung, et ass keng Behaaptung", sot den Dr Paul Wilmes. "Et ass kee Beweis, ass et e Beweis oder ass et kee Beweis?", huet den Dr Gérard Schockmel gefrot. "Et ass eng Analys vun den Donnéeën, déi Modeller si jo parametriséiert", war d'Äntwert vum Dr Paul Wilmes. "Jo, et ass e Modell, et ass eng Spekulatioun", sou nach den Dr. Gérard Schockmel. "Et ass keng Spekulatioun, fir elo net an den Detail ze goen, mir hunn an der Publikatioun alles duergeluecht, op wéi engen Donnéeën déi Analyse berouen", war d'Äntwert vum Dr Paul Wilmes.
Esou wéi all Decisioun an dëser Kris ass och d'Decisioun fir de Large-Scale-Testing eng, déi vun de politesch Responsabelen huet misse geholl ginn. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet drun erënnert, datt an enger Pandemie nu mol séier muss gehandelt ginn.
"Ech hu leider net de Luxus, eng komplett wëssenschaftlech Debatt ofzewaarden. Mir hunn eis Beroder, mir hunn Erkenntnisser. Ech kann nëmme feststellen, datt immens vill Intressi ass un eiser Strategie, international hu mer immens vill Ufroen, wou dat propagéiert gëtt. Et gëtt jo och recommandéiert vun den europäeschen Autoritéiten, datt ee soll méi testen."
De gesondheetspolitesche Spriecher vun der CSV, de Claude Wiseler, sot, datt een d'Testen als Oppositioun net wollt blockéieren. Hien huet awer widderholl, datt seng Partei sech dru gestéiert huet, datt et fir déi éischt Phas vum Large-Scale-Testing, wärend dem Etat de crise keng Ausschreiwungsprozedur gouf. Ob an a wéi wäit Feeler geschitt sinn, soll dofir gepréift ginn.
"Wann dat Ganzt elo fäerdeg ass, wäerte mer an der Chamber froen, datt d'Cour des comptes eng Analys an aller Däitlechkeet mécht."
De Claude Wiseler huet och gefuerdert, datt elo awer och iwwert eng Exit-Strategie diskutéiert gëtt: "Ech weess, datt dat eréischt an engem oder zwee Méint kann a Kraaft trieden, mee d'Virbereedungsaarbechten, wéi déi Schrëtt zum Exit sinn, mat wéi enge Konditiounen, impfen, Schnelltest, déi Leit, déi Antikierper hunn a wat déi verschidden Etappe sinn, wéi kann den Horeca erëm opgemaach ginn an eng, zwou, dräi, véier Etappen, net onbedéngt wéini, mee wéi? Dat ass dat, wat ech vun der Regierung froen, datt elo diskutéiert gëtt an datt mer prett sinn, wann et souwäit ass."
Thema Impfungen
Zu Lëtzebuerg kéinten d'Leit deemnächst och mam russesche Sputnik geimpft ginn.
"Wann dee Vaccin bis vun der EMA, der europäescher Medikamentenagence zougelooss ass, hu mir absolut kee Grond méi, deen net ze betruechten." Dat sot d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert am Kloertext, wou et nieft dem Testen, och ëm d'Impfe goung.
Fir Impfstoff ze beschafen gi verschidde legal Méiglechkeete gepréift a wéi de Staatsminister Xavier Bettel rezent de russesche President Vladimir Putin um Telefon hat, offiziell goung et ëm den 130sten Anniversaire vun den diplomatesche Relatioune mat Russland, war de Sputnik och e Sujet. En Deal géif et do awer net, seet d'LSAP Ministesch Paulette Lenert.
"Ech mengen dat kéint de Staatsminister och net eleng maachen, en Achat, an ech si selwer net bei deem Telefonat dobäi gewiescht. Ech weess just datt et en Thema war an datt mer sécherlech kloer gestallt hunn, datt mir sécherlech keng Apprehentioune vis-à-vis vun deem Vaccin hunn. Am Contraire. Wann do kee gemeinsamen Achat sollt gemaach ginn, si mir absolut prett och do anzekafen. Mir sinn eis scho bewosst, datt mer all Méiglechkeete wäerten zéien, wann natierlech déi néideg Conditiounen erfëllt sinn. Do ass jo d'Demande eragereecht gi bei der EMA."
De gesondheetspolitesche Spriecher vun der CSV, de Claude Wiseler ënnersträicht, datt hien absolut mat der Regierung averstanen ass, fir op gréng Luucht vun der europäescher Medikamentenagence ze waarden, géif awer an hirer Plaz ganz haart driwwer nodenken, fir elo schonn ze bestellen.
"Do froen ech mech, ob d'Regierung awer net sollt elo de Risiko op sech huelen an direkt eng Rei Commande maachen, datt mer sécher sinn, datt mer esou séier wéi méiglech zu Lëtzebuerg approvisionéiert ginn, wann d'EU keng Commande fir sech selwer mécht. Ech weess och, datt dat dann e Risiko ass, wann déi Autorisatiounsprozedur géing donieft goen, mä ech mengen et wier an dësem Ament derwäert dee Risiko ze huelen."
De Claude Wiseler sot och hien hätt begréisst, datt d'Regierung manner Vaccin vun AstraZeneca géif fir déi zweet Impfung an der Reserve maachen a freet sech ob een net och bei deenen zwee anere misst mat der Reserve erofgoen. D'Paulette Lenert huet geäntwert, datt genee déi do Diskussioun den Ament gefouert gëtt.
"Mir analyséieren, wéi zouverlässeg d'Commande sinn. Am Ufank war dat net evident, mat wéi enger Kadenz déi Produiten kommen. Et ass och ënnerschiddlech vun engem Fabrikant zum aneren, mä mir sinn selbstverständlech am gaangen déi Analyse ze maachen. Do kann eventuell méi eng nuancéiert Decisioun kommen."
Dat wier eng Risikoaschätzung déi misst gemeet ginn an et wier um Enn keng medezinesch, mä eng politesch Decisioun.
Eis Invitéë waren:
Paulette Lenert
Gesondheetsministesch LSAP
Claude Wiseler
Gesondheetspoliteschen Spriecher CSV
Dr Gérard Schockmel
Infektiolog Hopitaux Robert Schuman
Dr Paul Wilmes
Spriecher Task Force COVID 19
Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)