An der Emissioun Kloertext goung et dësen Donneschdeg ëm Verschwierungstheorien.

"Mir haten an deem leschte Joer immens schwéier a komplizéiert Regierungsréit", huet de François Bausch, de Vizepremier a Minister fir Verdeedegung a Mobilitéit, am Kloertext op RTL Télé Lëtzebuerg ënnerstrach. Et goung an der Emissioun ëm Verschwierungstheorien, ëm d'Nominatioun vun der Christianne Wickler als Presidentin vun der Cargolux an awer och ëm d'Covid-Moossnamen.

Genee bei där Diskussioun huet de François Bausch verséchert, datt d'Regierung all déi Decisiounen, déi se geholl huet, sécher net liichtfankeg geholl huet.

"Alleguerte fuere mir och um leschten Nerv. Dat kann ech Iech soen. Déi Decisiounen ze huelen ass haart. Mir maachen eis vill Gedanken a mir maachen eis wierklech d'Liewen net einfach, mä mir mussen dacks séier, kuerzfristeg decidéieren. Wësst der am Hierscht, déi Infektiounszuele sinn an d'Luucht gespronge bannent zwou Wochen, vun net emol 200 Infektiounen op 8 bis 900 an d'Spideeler hu sech am Nu gefëllt. Ech soen Iech, wann der dann do sëtzt als Entscheedungsträger an dir hutt all déi Etüden do leien, déi jo deelweis net all iwwertenee stëmmen, mä dir musst jo Decisiounen huelen, da maacht der noutgedrongen och Feeler, dir maacht Kompromësser, mä ech mengen awer ënnert dem Stréch kënnen ze soen, mir hunn dat awer hikritt. Mir hu sécherlech Saache falsch gemaach, mä mir hunn awer net alles falsch gemaach."

De François Bausch huet och ënnerstrach, datt hie weider dozou steet, datt d'Christianne Wickler déi richteg Fra ass, fir Presidentin vun der Cargolux ze ginn. D'Geschäftsfra hat sech jo eréischt dës Woch, als Kopresidentin vun enger online Plattform zeréckgezunn, déi zweiwelhaft Corona-kritesch Inhalter publizéiert.

Den Deputéierte vun de Piraten, de Sven Clement, deelt déi Vue net. Hien ënnersträicht, datt d'Christianne Wickler sech, a sengen Aen, an de leschte Wochen a Méint mat där Plattform diskreditéiert an disqualifizéiert huet, fir kritesch mat Informatiounen ëmzegoen. Hir perséinlech Meenung géif dobäi keng Roll spillen. Et wier wichteg, den Ënnerscheed tëschent "Meenung" a "Fakten" ze maachen.

"Et gi vill Sujeten, wou een eng Meenung kann hunn. Ech kann eng Meenung hunn, wéi et sech besser lieft, wat mäi Liewenszil ass. Do kënnen d'Meenungen ausernee goen. Ob een eng Famill wëllt hunn, ob ee keng Famill wëll hunn. Ob ee wëll aneren hëllefen, wéi wäit een anere wëll hëllefen. Dat si Meenungen. Do gëtt et keng schwaarz oder wäiss, Jo- oder Nee-Äntwert. Do huet jidderee fir sech seng Äntwert an dat ass eng Meenung an da ginn et Fakten. Wann e President vun engem grousse Land virun der Press seet, een, deen elo géif Desinfektiounsmëttel drénken, dee kéint sech géint de Virus schützen, da si mer wäit vun de Meenunge fort, da si mer am Beräich vun de geféierleche Fakten, voir vun de Ligen. Idem beim Covid. Ze soen, et géif de Virus net ginn, dat ass keng Meenung. Mir mussen dovunner ewechkommen, datt, wann ee seet "de Virus gëtt et net", datt dat eng legitim Meenung ass. Nee! Et ass legitim, datt en dat seet, jiddereen dierf soen, wat e wëll, mä et ass net eng Meenung. Et ass einfach eng Ligen."

Den Historiker Gilles Genot huet präziséiert, datt de Phänomen vun de Verschwierungstheorien zwar mat der Pandemie en Opschwong krut, awer net méi verbreet ass wéi viru Joerzéngten oder Joerhonnerten. Dat géife wëssenschaftlech Etüde weisen, déi gemaach goufen. Den Unisprofesser Robert Reuter, deen och President vun AHA ass, sot, datt ee manifestement zu Lëtzebuerg seng Meenung dierft soen. Dat géif awer net heeschen, datt ee keng Kritik dierft kréien. Meenungsfräiheet kéint een net ëmmer nëmmen eesäiteg definéieren.

Eis Invitéen

François Bausch
Vizepremier, déi Gréng
Verdeedegungs- a Mobilitéitsminister

Sven Clement
Piraten-Deputéierten

Gilles Genot
Historiker
Schafft als Conservateur am Musée vun der Stad Lëtzebuerg

Robert Reuter
Professer op der Uni.lu, President AHA
Huet Psychologie an Erzéiungswëssenschafte studéiert

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)