An der Emissioun "Kloertext" goung et en Donneschdeg den Owend ëm den aktuelle Corona-Management, de CovidCheck an d'Impfungen.

Léiere mam Virus ze liewen a méi Eegeverantwortung weisen, dat ass den Ament ugesot. Ma wat hu mir geléiert iwwert de Covid a mam Covid? Wéi onbeschwéiert gëtt de Summer a wéi riskant den Hierscht, lo wou d'Zuelen iwwerall nees klammen a souguer Geimpfter wéi de Premier sech ustiechen a krank ginn? Wat ass déi bescht Strategie, fir mat der neier Well ëmzegoen? Wéi eng Instrumenter ginn et a wat daacht de CovidCheck? Wéi laang kann ee komplett Geimpften nach Restriktiounen zoumudden a wat ass mat Jonken a Kanner?
Déi méi héich Corona-Infektiounszuelen huet den Direkter vun der Santé, den Dokter Jean-Claude Schmit, am Kloertext op der Tëlee e "klenge Rebound" genannt a betount, datt een an enger komplett anerer Situatioun wier, wéi virun engem Joer. An Tëschenzäit wier jo e groussen Deel vun der Bevëlkerung geimpft. A sengen Aen hu mer e relativ onbeschwéierte Summer virun eis an deem natierlech nach eng Rei Virsiichtsmoossname misste respektéiert ginn.

Et misst och weider geimpft ginn, mir missten op méi en héijen Taux kommen, fir op der sécherer Säit ze sinn. De Gérard Schockmel, Infektiolog an den Hôpitaux Robert Schumann, huet dofir plädéiert, d'Zuele méi nuancéiert ze gesinn. Et misst een den Ënnerscheed maachen, tëschent de Leit, déi e positiivt Testresultat hunn an de Leit, déi krank ginn. Och den Intensiv-Medezinner aus dem CHL, de Jean Reuter seet, hie wier vill méi optimistesch wéi d'lescht Joer, well mer elo d'Impfung hunn.

De Gérard Schockmel huet drop higewisen, datt déi zweet Dosis vum Vaccin immens wichteg ass.
Epidemiologesch gesinn, wier et och net erstaunlech, datt ee sech mat enger éischter Dosis kéint ustiechen an esouguer an d'Spidol kommen.

Den Direkter vun der Santé, huet präziséiert, datt den Ament 48 Prozent vun de Leit iwwer 12 Joer geimpft sinn. Et géifen 81.000 Kanner ënner 12 Joer am Land, déi den Ament jo nach keng Impfung kënne kréien.

Vun de Jonken tëschent 12 an 18 Joer hätt sech bis elo d'Hallschent e Rendezvous geholl.  De Jean-Claude Schmit huet an Aussiicht gestallt, datt déi eeler Leit am Hierscht méiglecherweis eng drëtte Kéier geimpft ginn. Et wéisst een, datt si manner gutt op de Vaccin reagéieren. Serologesch Tester hätten awer gewisen, datt 92 Prozent vun de Mënschen an den Alters- a Fleegeheemer Antikierper hunn. Fir kënnen ze soen, ob déi ganz Populatioun eng drëtte Kéier misst geimpft ginn, léichen nach net genuch Donnéeën um Dësch.

Wat eng Impfflicht fir verschidde Beruffer ugeet, huet zum Beispill d'Julie Suzanne Bausch, d'Presidentin vum nationalen Ethik-Rot drop higewisen, datt een, wann ee wéilt an héich sensibele Secteure vun der Medezin oder der Fleeg schaffen, net dierft Vecteur vun engem Risiko sinn.

Wéi et ëm d'Ausso vum Staatsminister Xavier Bettel goung, dee jo e puer Mol betount huet, d'Pandemie wier nach net eriwwer, allerdéngs och op enger Rei Manifestatioune gefeiert a sech um Enn mat Covid infizéiert huet, sot d'Presidentin vum Ethikrot: "De Premier Xavier Bettel huet sech iwwert näischt ewech gesat, wat anerer net och hätte kënne maachen." D'Iddi wier vläicht gewiescht, fir  ze weisen, datt een erëm e bëssen Normalitéit kann hunn.  Mat senger Infektioun hätt de Xavier Bettel an hiren Aen immense Pech gehat. Et hätt och ganz gutt kënnen Näischt geschéien an da wier keng Diskussioun do gewiescht.

Méi streng waren an deem Kontext den Infektiolog Gérard Schockmel an den Intensiv-Medezinner Jean Reuter. Si soten, een dee vum Fach ass, hätt esou Veranstaltunge warscheinlech evitéiert.

De System vum Covid-Check ugeet, huet den Direkter vun der Santé, als gudde System verdeedegt. Et sollt een aktuell domadder weider fueren, och wann et e puer Faiblessen géif. De Large Scale Testing dierft elo iwwert de Summer auslafen. De Jean-Claude Schmit huet gesot, datt dee Programm nom hallwe September warscheinlech net méi géif verlängert ginn.

Eis Invitéën am Kloertext waren den Direkter vun der Santé, d'Presidentin vun der Ethikkommissioun an den Doktere Gérard Schockmel a Jean Reuter.

Eis Invitéen

Dr Jean-Claude Schmit
Direkter vun der Santé

RTL

Julie-Suzanne Bausch
Presidentin Ethik-Kommissioun

RTL

Dr Gérard Schockmel
Infektiolog HRS

RTL

Dr Jean Reuter
Intensivmedezinner CHL

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)