En Donneschdeg goung et an der Emissioun "Kloertext" ëm sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenzen.

"Schimmt a Schold soll just den Täter hunn". Dee Saz sot d'Mary Faltz an der Emissioun Kloertext, wou et dës Kéier ëm sexuelle Mëssbrauch a seng Konsequenze goung. D'Mary Faltz an d'Liv Jeitz-Wampach sinn allebéid Fraen, déi als Kand, respektiv als Jonke mëssbraucht goufen a Joren dono decidéiert hunn, iwwert déi Erfarungen ze schwätzen, déi si hu misse maachen.

An deenen zwee Fäll koum den Täter, wéi ganz dacks iwwregens, aus dem noen Ëmfeld. An deem enge Fall war et den eegene Papp, an deem anere Fall den Dirigent aus der Musek.

"Et verléiert ee komplett de Buedem ënnert de Féiss", seet d'Liv Jeitz-Wampach. Et wier net nëmmen de Mëssbrauch, mä duerch de Mëssbrauch, géif een och eng Persoun verléieren, déi engem iwwert vill Jore wichteg war.

Doriwwer schwätzen an eppes géint den Täter ënnerhuelen, wier dacks net einfach. Vill Affer géife sech schëlleg fillen a sech schummen.

D'Bâtonnière Valérie Dupong, déi och Invitée an der Emissioun war, huet an hirer Karriär als Affekotin scho vill Mëssbrauchsaffer vertrueden. Si seet bei Police, Parquet a Riichter hätt vill changéiert, d'Leit hätten do Formatioune kritt, fir mat deene Situatiounen ëmzegoen.

Trotz Sensibilisatioun bleift sexuelle Mëssbrauch awer en Tabuthema an der Gesellschaft. D'Mary Faltz huet ënnerstrach, datt jidderee säi Bäitrag muss leeschten, fir déi Diskussioun opzemaachen. Eng Diskussioun, an där een och net neutral ka sinn, betount d'Liv Jeitz-Wampach. Wie sech net op d'Säit vum Affer géif stellen, dee stéing automatesch op der Säit vum Täter.

Invitéiert waren:

Mary Faltz
Ass vun hirem Papp 16 Joer laang mëssbraucht ginn
War 9 Joer al, wéi de Mëssbrauch ugoung

RTL

Liv Jeitz-Wampach
Ass vum fréieren Dirigent vun der Musek mëssbraucht ginn
War 14 Joer al, wéi de Mëssbrauch ugoung

RTL

Valérie Dupong
Batônnière
Huet vill Mëssbrauchsaffer vertrueden

RTL

Fir Kontakt mat der Redaktioun opzehuelen, maacht ee Mail op dossier@rtl.lu

Am Kader vun der Orange Week, déi nach bis den 10. Dezember dauert, huet de Zonta Club of Luxembourg Multiculturel awer och d'Campagne "I'm Possible" lancéiert. D'Ana, Liv, Patz a Mary erzielen do, wat si erlieft hunn.

Temoignage vum Ana

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)