Si mat de Bommen och eis Illusioune gefall oder ass de Krich eng Chance fir d'Transformatioun a puncto Klimapolitik?

Kann de Krich an der Ukrain eng Chance sinn, fir ëmzedenken an de Konsum vu fossillen Energien ze reduzéieren? Dat war eng Fro, ëm déi et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee goung, och am Virfeld vum Klimastreik e Freideg.

Déi politesch Jugendorganisatiounen hate sech un d'Regierung adresséiert an en Importstopp vu russeschem Ueleg a Gas gefuerdert. Eng Mesure, déi an zwou Richtunge kéint wéidinn, mä fir déi Jonk awer néideg ass. Do ware sech d'Invitéen eens.

Op der Sich no Alternative misst ee kuerzfristeg och méiglecherweis op Livreuren zeréckgräifen, déi eis net gefalen, esou de Fabricio Costa, de Co-Spriecher vun deene jonke Gréngen. Zum Beispill de Katar, wou de grénge Wirtschaftsminister aus Däitschland jo de Weekend no neien Energiepartner gesicht huet.

De Katar, mä och Australien an d'USA sinn déi gréissten Exportateure vu Flësseggas. Wéi geféierlech ass et, sech elo vun hinnen ofhängeg ze maachen?

"Mir hu keng 100 Méiglechkeeten. Dat ass d'Realitéit. Mir musse pragmatesch sinn a mat där Situatioun schaffen, déi do ass. Ech sinn och net frou, wa mer eis kuerzfristeg ofhängeg vum Katar maachen, bei den USA ass et manner e Problem, mä et kann awer ee ginn. Dofir musse mer wierklech kucken, datt mer bei den erneierbaren Energië virukommen."

Bei den erneierbaren Energien wier nach Sputt no uewen, dovunner ass de Fabricio Costa iwwerzeegt. Fir déi jonk Liberal muss och kënnen iwwer Atomkraaft diskutéiert ginn, seet hire Vizepresident. Eng Meenung, mat där d'Myrna Koster vu Greenpeace net d'accord ass. Si erënnert ënnert anerem drun, wéi geféierlech, datt et ass, datt Atomkraaftwierker an engem Krich als strategescht Zil kënne benotzt ginn.

"Do muss ee ganz gutt oppassen, wat een do mécht an op wat ee sech aléisst. Do schwätze mer vu potentielle Katastrophen. Dat ass sech jo net virzestellen, wat do ka geschéien, sécherheetsméisseg ass dat och net z'ënnerschreiwen."

Am provisoreschen Tripartite-Accord stéiere sech déi Jonk op der Subventioun vu 7,5 Cent, déi et bis Enn Juli um Masutt, um Diesel an um Bensin gëtt.

"D'Gewerkschafte si mat maximale Fuerderungen an d'Verhandlungen eragaangen, d'Patronat war dogéint, datt dëst Joer nach zwou Indextranchen erfalen, da muss e Kompromëss fonnt ginn, och wann ech e selwer net gutt fannen.", esou de Lou Linster, de Vizepresident vun der JDL.

Den Ament dominéiert e Krich an Europa, d'Liewe vu Millioune Mënschen, de Weltklimarot warnt ëmmer erëm virun den dramatesche Konsequenze vun der Klimakris, déi mer jo och ëmmer méi dacks zu Lëtzebuerg ze spiere kréien. Déi Jonk si gedeelter Meenung, ob hir Liewensqualitéit nach déi selwecht ass wéi déi vun deene Generatioune virdrun, esou d'Sarah Muller vu Youth4Climate.

"Bei Youth4Climate hu mer do ganz gemëschte Meenungen. Verschiddener sinn do relativ optimistesch a gleewen nach drun, datt mer dat packen. Anerer si méi pessimistesch, do zielen ech mech och dozou. Ech mengen, wa mer eis 2030 nach eng Kéier hei gesinn, schwätze mer manner vu Klimawandel réckgängeg maachen oder verhënneren. Do schwätze mer méi driwwer, wéi mer eis un déi Welt upassen, déi mer elo geschaaft hunn."

Datt sech eppes muss änneren, do loossen déi Jonk keen Zweiwel drun. D'Myrna Koster vu Greenpeace huet eng ganz konkret Virstellung. Si seet, an Zukunft mussen de Mënsch an d'Natur am Mëttelpunkt stoen an net de Wuesstem an d'Suen.

Eis Invitéen:

Sarah Muller
Youth4climate-Aktivistin

RTL

Myrna Koster
Responsabel bei Greenpeace
Klimagerechtegkeet a Mënscherechter

RTL

Fabricio Costa
Co-Spriecher vun déi Jonk Gréng

RTL

Lou Linster
Vizepresident JDL

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)