Ass d'Diskussioun iwwert d'Aarbechtszäitverkierzungen e Sujet vun der Regierung oder ass et scho Virwalkampf?

Déi Fro huet den Direkter vun der UEL, der Unioun vun den Entreprisen, en Donneschdeg den Owend am Kloertext opgeworf, wou d'Zukunft vun der Aarbecht am Mëttelpunkt stoung.

1.701 Stonnen d'Joer schafft een an der Moyenne zu Lëtzebuerg, wann een eng voll Tâche huet, seet den Aarbechtsminister Georges Engel, iwwert eng Aarbechtszäitreduktioun misst ee kënnen diskutéieren.

Am Grand-Duché schafft ee mat enger voller Tâche méi Stonne wéi an eisen Nopeschlänner. An der Belsch zum Beispill sinn et knapp 200 Stonnen d'Joer manner, preziséiert de Georges Engel.

"Ech gesi lo net, datt d'Belsch an der Produktivitéit um Buedem sinn. Och do gëtt et eng Produktivitéit. Et ass derwäert, iwwer alles ze schwätzen an ech fannen och, datt 40 Stonnen net an de Steen gemeesselt sinn. Viru 50 Joer waren et der nach 48."

Op deem Punkt ass den LSAP-Aarbechtsminister scho méi no beim OGBL wéi an der Diskussioun iwwert den Index. Fir d'Nora Back, d'Presidentin vum Onofhängege Gewerkschaftsbond an der Chambre des salariés, ass et keng Fro, datt et eng Aarbechtszäitverkierzung muss ginn an zwar bei vollem Lounausgläich.

"Natierlech brauche mer eng Reform op der Fro vun den Aarbechtszäiten. Mir brauchen eng besser Work-Life-Balance. D'Leit gi futti op hirer Aarbecht a si sollen net krank ginn duerch d'Aarbecht. Mir hunn einfach eng vill méi héich Aarbechtsintensitéit. Mir hu ganz nei Forme vun aarbechtsbedéngte Krankheete wéi Stress an esou weider."

Elo scho feelt qualifizéiert Main d'oeuvre zu Lëtzebuerg, och nach d'Aarbechtszäite kierzen, fir d'Patronat eng Diskussioun, déi een eigentlech guer net féiere muss, esou de Jean-Paul Olinger, den Direkter vun der UEL.

"Wéi wëlle mer dat dann hikréien. Da kréie mer jo méi Stress fir déi Leit, déi schaffen, an dat ass jo eppes, wat net méiglech ass. An eisen Aen ass déi ganz Diskussioun ëm d'Aarbechtszäitreduzéierung eng falsch Diskussioun. Mir verstinn och net, firwat déi elo grad opkënnt. Mir hu virdru gesot, datt de Logement de grousse Problem ass an dee kann eis Solutioune ginn. Wat d'Trajete betrëfft, fir op d'Aarbecht ze kommen an deem do Stress ewechgeholl gëtt. Dat hei bréngt eis fort vun der Diskussioun iwwert de Logement. Et bréngt eis dovunner fort, Solutiounen zu deem Sujet ze fannen."

Den Aarbechtsminister seet, e géif net verstoen, firwat d'Patronat déi zwee Sujete matenee vermëscht. Déi Etüd, déi hien an Optrag ginn hätt, géif net automatesch bedeiten, datt d'Aarbechtszäite gekierzt ginn, et géif och ëm d'Organisatioun an d'Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäite goen.

Zwee Deeg Télétravail d'Woch, fir Energie ze spueren. Dat ass eng Propos, déi den Energieminister Claude Turmes rezent gemaach huet an déi och am Kloertext diskutéiert gouf. Télétravail Jo, mee net d'office festleeë wéi vill, dat ass op deem Punkt d'Meenung vum CSV-Deputéierte Marc Spautz.

"Zwee Deeg kann eng Léisung sinn. Et kann och méi sinn, et kann och manner sinn. Ech fannen et net gutt, wann een direkt seet, et mussen der esouvill sinn. Ech fannen et gutt, wann een d'Méiglechkeet schaaft. Et muss e Kader geschaaft ginn an da kann een dono kucken am Betrib am Secteur, wie wéi vill Télétravail mécht."

Invitéen

Nora Back
Presidentin OGB-L & CSL

RTL

Georges Engel
Aarbechtsminister

RTL

Jean-Paul Olinger
Direkter UEL

RTL

Marc Spautz
CSV-Deputéierten

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)