Logement, Energiepräisser an Inflatioun: d'Suerge vun de Bierger si grouss. Wat kann d'Politik bewierken? Ënner anerem dorëm goung et an dësem Kloertext.

Mam Politbarometer gouf de Bols bei de Wieler gefillt. E Donneschdeg den Owend waren d'Resultater Thema am Kloertext op der Tëlee. Déi gréng Justizministesch Sam Tanson, den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles, de LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot an d'Oppositiounspolitiker Claude Wiseler vun der CSV a Sven Clement vun de Piraten hunn iwwert de Logement, d'Steieren, d'Aarbechtszäit an den Aarmutsrisiko diskutéiert.

Haaptsuerg vun de Wieler bleift de Logement... d'Ministeren Delles an Tanson hunn ervirgestrach, datt d'Reform vun der Grondsteier nach dëst Joer wäert op den Instanzewee geschéckt ginn. De Franz Fayot huet iwwerdeems fir e Logementsdësch plädéiert. An den Ae vum Claude Wiseler a vum Sven Clement geet et awer net séier genuch.

Wiseler: "Da maacht et elo, da maacht elo net e Logementsdësch, maacht et."
Clement: "Dat bescht ass, mir hu Proposition de loien deposéiert, wärend d'Regierung keng liwwert."
Delles: "D'Spekulatioun, déi ugeschwat ginn ass, d'FIS immobilier si mat där hei Regierung ofgeschaaft ginn."
Wiseler: "A wéi laang hutt der dann Zäit gebraucht a wien huet iech missen all Kéiers drun erënnere fir et ze maachen?"
Delles: "Den amortissement accéléré ass net méi sou favorabel gemaach ginn, ebe grad fir d'Spekulatioun z'evitéieren, do si Saache gemaach ginn."

Verschidde Projete kéint ee séier ëmsetzen, anerer bréichten Zäit, esou de Lex Delles. Op anere Punkte waren d'Regierungsmember sech manner eens. Déi gréng Justizministesch Sam Tanson sot, et dierft ee sech der Diskussioun iwwert e gedeckelten Index net verschléissen. De Franz Fayot sot d'LSAP géing zu 100 Prozent zum Index stoen. Anert Beispill: d'Aarbechtszäitverkierzung, zu där den LSAP-Aarbechtsminister Georges Engel rezent eng Etüd an Optrag ginn huet. Dozou de Franz Fayot:

"Iwwert d'Aarbechtszäit muss een awer op d'mannst kënnen diskutéieren, an et muss ee wëssen dass dat eppes ass, wat wäert kommen, well dat gehéiert zu der Evolutioun vun der Aarbechtswelt."

Den DP-Minister Delles huet sengersäits drop opmierksam gemaach, datt de Koalitiounsaccord keng Verkierzung virgesäit. De CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet fonnt, d'Regierung misst méi op enger Linn sinn.

Wiseler: "Ech fannen et normal, datt mer an enger Walcampagnesdiskussioun déi do Diskussioune matenee féieren, Dir sidd awer déi, déi dauernd sot mir sinn nach net an der Walcampagne."
Fayot: "Dat heescht Dir dierft hei soe wat der wëllt, well der scho matten am Walkampf dra sidd a mir hu wgl. dann hei de Back ze halen?"
Wiseler: "Dir hutt genee verstane wat ech wëll soen, wann der mat Partner op engem Dësch sëtzt wier et besser d'Regierung géing aus engem Mond schwätzen."
Tanson: "Dat mécht se och wa se mat Partner op engem Dësch sëtzt, mee wa mer Froe gestallt kréie wéi de François Bausch dës Woch um Radio oder wéi ech elo grad vun der Madamm Mart dann ass et och normal dass ech op déi Fro äntweren an där Fro net auswäichen."

Weider Themen am Kloertext waren de Krich an der Ukrain, den Aarmutsrisiko an d'Steieren, awer och d'Pandemie - d'Impfflichtgesetz wier prett a soubal den Avis vun den Experten do wier géing d'Regierung tranchéieren ob se kënnt oder net, huet et hei geheescht.

Ee Joer virun de Wale fänken d'Personalfroen och un interessant ze ginn. De Lex Delles, deen DP-Parteipresident wëll ginn, sot zu der Fro, ob hien da misst tranchéieren tëschent enger Spëtzekandidatin Lydie Polfer oder Corinne Cahen an der Stad Lëtzebuerg dat hei:

"Ech schwätze reegelméisseg mat der Madamm Polfer, ech weess dass d'Madamm Polfer ganz engagéiert ass an zesumme mat hirer Equipe, sief et mat der DP-Fraktioun, mat de Schäffen am Gemengerot, nach ganz vill Aarbecht huet. Si sinn am Gaangen do ganz gutt ze schaffen an op där anerer Säit weess ech och, dass d'Madamm Cahen och ganz vill Aarbecht nach op hirem Ministère huet an déi och ganz gutt mécht."

D'DP wier elo nach net am Walkampf a misst esou Decisiounen huelen, esou de Lex Delles.

Eis Invitéë sinn:

Franz Fayot
LSAP-Wirtschaftsminister

RTL

© Eric Steichen / RTL

Sam Tanson
Gréng Justiz- a Kulturministesch

RTL

© Eric Steichen / RTL

Lex Delles
DP-Mëttelstands- an Tourismusminister

RTL

© Eric Steichen / RTL

Claude Wiseler
CSV-Parteipresident

RTL

© Eric Steichen / RTL

Sven Clement
Piraten-Deputéierten

RTL

© Eric Steichen / RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)