Wat muss am Spidol, wat ka bausst de Klinicke gemaach ginn am Intressi vum Patient an ouni, dass Medezin zu engem Geschäft gëtt?

Wéi gesäit eng optimal medezinesch Versuergung zu Lëtzebuerg aus? Wat muss a wat kann baussent de Spideeler gemaach ginn?

Ëm déi Froe goung et en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee, Froen iwwert déi och zënter dem Februar 2020 um Gesondheetsdësch diskutéiert gëtt, mä dat ass an den Aen vun der AMMD, der Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren, éischter eng Alibi Veranstaltung. Si kritiséiert, datt et do un engem richtegen Echange feelt.

Mat där Ausso ass d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert awer net averstanen. Et wier geschwat ginn. Och wärend der Pandemie wieren d'Acteuren zesumme gewiescht an de Virage ambulatoire wier e puer mol um Ordre du Jour gewiescht.

De Gesetzprojet dee virun e puer Woche virgestallt gouf, wier net am Hinterstübche gemaach ginn. Datt et aktuell Problemer mat Delaien gëtt, zum Beispill bei den IRMen, géif keen a Fro stellen, seet d'Paulette Lenert: "Et geet jo drëms, eng Léisung ze fannen an datt et méi Fluiditéit gëtt, wa mer ausserhalb vun de Maueren vum Spidol Routineexamen kënne maachen, dat ass absolut net a Fro gestallt. Dat wat den Ament um Dësch läit, dat si Reflexiounen, fir dat strukturéiert ze maachen, fir et anstänneg ze kadréieren an net einfach e Wildwuchs en place ze setzen. Dat ass u sech do wou mer stinn."

Datt eng ambulant Medezin gebraucht gëtt, doriwwer si sech Santé an Doktere eens. Fir d'AMMD géifen d'Patienten an ambulante Strukturen och erëm méi no bei den Dokter kommen an d'Medezinner kréichen och erëm méi Autonomie. Där hätten se am Spidol nämlech net genuch, fir esou ze schaffen, wéi si et fir richteg halen. Den Alain Schmit, de President vun der AMMD: "Absolut. Mir sinn an engem Organisatiounszwang do dran, deen ëmmer méi problematesch gëtt, well d'Charge de travail am Spidol hëlt zou an d'Organisatiounsfäegkeet vun den eenzelen Dokteren, déi hëlt of."

Eng Ausso mat där d'Dokter Monique Reiff, d'Presidentin vun de salariéierte Spidolsdokteren an den Dokter Jean-Marc Cloos, medezinneschen Direkter an den Hôpitaux Robert Schuman net d'accord waren.

De Jean-Marc Cloos huet betount, datt d'Spidolsdirektiounen och drun intresséiert sinn, fir Dokteren ze hunn, déi sech als Deel vum Spidolspersonal fillen: "Dat sollt eng Win-Win Situatioun sinn, fir d'Dokteren a fir d'Klinik an net an där Richtung 'Ech komme just an d'Klinik meng Aarbecht maachen an da ginn ech erëm. Ech sinn eng Entreprise fir mech' (...) Et ass esou, datt mer d'Dokteren an de Klinicke wëllen abannen a mat hinnen zesummeschaffen. Si solle sech mat der Klinick identifizéiere kënnen, datt se sech als Member vun der Klinick gesinn."

Am Kloertext goung et och ëm d'Zuel vun den Dokteren, déi zu Lëtzebuerg am Gaang ass zeréck ze goen. Aktuell ginn et 2.100 Medezinner -Zänndokteren, Generalisten a Spezialisten zesummen- seet den Alain Schmit an et misst ee sech mat der Fro beschäftegen, wéi een och an Zukunft eng anstänneg, spezialiséiert Medezin géif hikréien. Dofir wieren d'Pisten, déi een um Gesondheetsdësch hätt wëllen thematiséieren, och esou wichteg.

Eis Invitéë waren:

Paulette Lenert LSAP

Vize-Premierministesch

Gesondheetsministesch

RTL

Dr Alain Schmit

Gastro-Enterolog

President AMMD

RTL

Dr Monique Reiff

Neurologin

Presidentin MSH (Salariéiert Spidolsdokteren)

RTL

Dr Jean- Marc Cloos

Psychiater

Medezineschen Direkter HRS

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)