En Donneschdeg den Owend waren de Guy Heintz, de Sylvain Hoffmann, de Jean-Jacques Rommes an de Marc Wagner eis Invitéen an der Emissioun "De Kloertext".

Ass eise Steiersystem gerecht a wat muss änneren? Ëm déi Froen goung et um Donneschden am Kloertext op der Tëlee. Eng Diskussioun mat Experten am Virfeld vun der Orientatiounsdebatt iwwert de Steiersystem déi aner Woch en Donneschden an der Chamber. Méiglecherweis alles, wat vun der grousser Steierreform iwwereg bleift, déi am Koalitiounsaccord versprach gi war.

Do war Rieds vun enger progressiver Aféierung vun der individueller Besteierung gekoppelt mat enger neier eenheetlecher Steiertabelle. Datt doraus näischt géif ginn, ass zimmlech séier wärend der Pandemie kloer ginn. Mä wier dat Verspriechen iwwerhaapt ëmzesetze gewiescht och ouni Corona a Krich an der Ukrain? De Guy Heintz de fréieren Direkter vun der Steierverwaltung ass sech net ganz sécher.

"Dat ass eng gutt Fro. Et war och scho virdrun deelweis zeréckgeruddert ginn. Dass eventuell net jiddereen eppes géif bäikréie respektiv, datt eenzel Leit souguer eppes géife verléieren. Déi nächst Woch gëtt driwwer debattéiert, quitt datt dann déi nächst Regierung sech där Problematik méi am Detail unhëlt."

De Jean-Jacques Rommes, dee Vizepresident vum Wirtschafts-a Sozialrot ass, an der Emissioun awer a sengem eegenen Numm geschwat huet, huet ënnerstrach, datt een och ouni finanzielle Sputt net zur Inaktivitéit condamnéiert wier. A sengen Ae wiere schonn eng Rei Mesurë néideg. Där Meenung ass och de Sylvain Hoffmann, den Direkter vun der Chambre des salariés a fuerdert eng automatesch Upassung vun de Steierbarêmen un d'Inflatioun. Donieft huet hie bedauert, datt de Patrimoine zu Lëtzebuerg quasi guer net besteiert géif.

"Wann ee wierklech seriö géint d'Inegalitéite wëll virgoen, da kënnt een net dolaanscht, fir iergendeppes um Niveau vun der Besteierung vum Patrimoine ze maachen. Sief dat Ierfschaftssteier och den Impôt foncier. Den Här Wagener hat virdru gefrot, wat d'Finalitéit dovunner ass. Menger Meenung no kann do och d'Finalitéit sinn, fir méi Gerechtegkeet ze kréien an awer och Verméigen."

Nieft dem Marc Wagener dem COO vun der Chambre de Commerce an dem President vum Conseil national des finances publiques huet och de Jean Jacques Rommes kritiséiert, datt net kloer ass, wat d'Zil vun der Grondsteier ass. Dat wier ee Reproche, deen een der Regierung kéint maachen.

"Soll se sozial sinn? Soll een d'Spekulatioun bekämpfen? Et schéngt net, well d'Madamm Bofferding huet gesot, et géif eng Spekulatiounssteier nieft der Grondsteier kommen. Da wier et jo net dat selwecht. Geet et drëm, de Staatsbudget ze fëllen, well mir kréien 'nëmmen' 40 Milliounen Euro d'Joer do eran. Mir wëssen, obwuel esou laang driwwer geschwat gouf, vun der Regierung zënter Joerzéngten net, wat déi Grondsteier dann an Zukunft soll."

De Steiersystem am Allgemengen, seet de Marc Wagener vun der Chambre de Commerce an dem CNFP wier zu Lëtzebuerg ganz gerecht. Et géif eng ganz grouss Ëmverdeelung ginn.

"1.000 Stéit, déi bezuele 400 Milliounen Euro Steieren. Mir hunn aacht Betriber, déi iwwert 300 Millioune Steiere bezuelen. Ech wëll domadder soen, dass de Prinzip vun der Leeschtungsfäegkeet, vun der Kapazitéit, fir Steieren ze bezuelen, zu Lëtzebuerg immens spillt an datt ongeféier een Drëttel vun de Stéit déi zwee Drëttel finanzéieren, déi iwwereg bleiwen."

Eis Invitéë waren

Guy Heintz
Fréieren Direkter vun der Steierverwaltung

RTL

© Luc Rollmann / RTL

Sylvain Hoffmann
Direkter Chambre des Salariés
Member CES & CNFP

RTL

© Luc Rollmann / RTL

Jean-Jacques Rommes
Vizepresident Wirtschafts- a Sozialrot
Schwätzt a sengem Numm

RTL

© Luc Rollmann / RTL

Marc Wagener
COO Chambre de Commerce
President CNFP

RTL

© Luc Rollmann / RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)