Am Summer hunn d'Bëscher gebrannt an den Hierscht war bal hëtzeg ginn duerch explodéierenden Energiepräisser.

Mam Accord aus der Tripartite goufen Hëllefen decidéiert, fir de Stéit an de Betriber an der Energiekris ze ënnert d'Äerm ze gräifen. Mä wat ass mat der Klimakris? Soziale Fridden elo, a Klimaschutz méi spéit? Dat war déi grouss Fro en Donneschdeg den Owend am Kloertext op der Tëlee.

"Nee, mat deem Accord aus der Tripartite ass sech keng Zäit erkaaft ginn!" Dat huet den LCGB-President Patrick Dury am Kloertext op der Tëlee ënnerstrach, wou et ënnert anerem ëm d'Fro goung, op ee Joer virun de Wale géif probéiert ginn, Rou an Zäit ze gewanne mat engem Deckel op den Energiekäschten, dee mat Steiergelder finanzéiert gëtt. Wat wier d'Alternativ freet de Patrick Dury? Näischt maachen? D'Tripartite hätt sech mat deene Problemer beschäftegt, déi d'Leit den Ament hunn. Dat wier d'Inflatioun, wat awer net géif heeschen, datt de Klimawandel kee Problem wier.

D'Presidentin vun der Handelsconfederatioun Carole Muller gesäit ee grousse Problem beim Tripartitesaccord. Si fäert, datt elo bis ugangs 2024 e Schnéiball géif gerullt ginn an datt een dann op en Phasing-out misst hoffen, deen net ze vill géif wéi doen.

D'Betriber hätten Angscht virun enger Rezessioun a bréichten sou vill Previsibilitéit, wéi méiglech. Als Cheffin vun engem grousse Bäckerbetrib kennt d'Carole Muller d'Problemer um Terrain. Een dovunner sinn d'Matières premières, déi ëmmer méi deier ginn. An hirem Secteur hätt sech zum Beispill de Präis vum Weess verduebelt. De Botter wier 30 Prozent méi deier ginn, d'Mëllech 50 Prozent.

Verschidden Haussë misst een un de Client weider ginn. D'Betriber misste Sue verdéngen, fir kënnen Investissementer ze maachen, zum Beispill fir déi ekologesch Transitioun virun ze dreiwen. Wann dat ganz séier soll goen, bréicht een och Hëllef bei deenen Investissementer.

Den Ëmweltberoder vun der Gemeng Miersch, de Luc Friedrich, ënnersträicht, datt d'Klima-Urgence ëmmer méi grouss gëtt, et wier eng Minutt virun 12. Energiespueren ouni Confort opzeginn, wier warscheinlech net méi méiglech. "Et sollt ee sech bësse mam Luxus aschränken" seet hien, weess awer datt et Leit gëtt, déi um Maximum ukomm sinn, vun deem wat een un Energie aspuere kann.

Hie stellt och fest, datt d'Leit ëmmer méi Angscht hunn, um Enn vum Mount d'Enner net méi beieneen ze kréien.

Grad wéi de Luc Friedrich, geet d'Magali Paulus dovunner aus, datt et fir eng douce Energietransitioun ze spéit ass. Si engagéiert sech ënnert anerem bei CELL an Tax Justice fir eng ökologesch Transitioun a sozial Gerechtegkeet a freet sech, op et net eis Aart a Weis fir ze liewen ass, déi radikal ass.

Sou vill Energie ze verbrauchen obscho gewosst ass, datt déi Ressourcen net méi zur Verfügung stinn. Mir missten anescht liewen an dovunner ewech kommen, datt mer doduerch eppes géife verléieren.

Eis Invitéë waren

Carole Muller

Presidentin Confédération Luxembourgeoise de Commerce

CEO vu Fischer

RTL

Patrick Dury

President LCGB

Vizepresident Chambre des Salariés

RTL

Luc Friedrich

Ëmweltberoder Gemeng Miersch

Klimapakt- an Naturpakt-Beroder

RTL

Magali Paulus

Engagéiert fir ökologesch Transitioun a sozial Gerechtegkeet ë.a. bei CELL &  Tax Justice

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)