Dat sot d'Grënnerin vu "Letzbeaware" am Kloertext, wou et dës Kéier ëm déi mental Gesondheet goung an d'Fro, ob se wierklech eng Prioritéit ass.

D'Rachel Brixius huet selwer eng laang Krankegeschicht hannert sech an ass dovunner iwwerzeegt: soulaang een de Message widderhuele muss, datt ee sech fir psychesch Krankheeten net brauch ze schummen, sinn Depressiounen, Angschtstéierungen a Co en Tabuthema.
D'Rachel Brixius stellt am Kontakt mat anere Betraffene fest, datt d'Leit dacks ganz laang waarden, bis se sech Hëllef sichen.

"Bis een zum Beispill e Krankeschäi brauch, net méi ka schaffe goen, net méi kann opstoen oder normal säi Liewe maachen an normal funktionéieren. Do fannen ech, datt méi präventiv misst sensibiliséiert ginn am Sënn vun: waart net bis et esou spéit ass, dass guer näischt méi geet. Wann een eppes wéi huet wéi säi Been, waart een och net bis een net méi trëppele kann."

D'Juliana d'Alimonte ass vu Formatioun Kanner a Jugendpsychiaterin a schafft am Gesondheetsministère, wou se ënnert anerem mat responsabel ass fir den nationale Plang fir déi mental Gesondheet. An hiren Aen hänkt et vum Leidensdrock of, wéi séier ee soll bei den Dokter goen, spéitstens awer wann ee mierkt, datt d'Symptomer méi wéi 3 Méint unhalen, wier et un der Zäit fir op d'mannst mam Hausdokter ze schwätzen.

Eng aner Plaz ka fir Schüler oder hir Elteren de CEPAS sinn, de Centre psycho-social et d'accompagnements scolaires. D'Direktesch Nathalie Keipes:

"Mir hu bei eis am CEPAS an der Stad, an der Maison de l'orientation, e Centre de consultations fir Jonker an hir Elteren, wou och d'Consultatioun gratis ass tëschent 12 an 30 Joer. Do gëtt et och eng therapeutesch Offer, wat an der Schoul net onbedéngt de Fall ass."

De Charel Benoy, deen Dokter an der Psychologie a Psychotherapeut ass, këmmert sech an der Rehaklinik am CHNP och ëm Patienten, déi Long-Covid hunn. Hie stellt fest, datt d'Leit net iwwerall dee Versteesdemech kréien, deen néideg wier.

"Dat fänkt an der Famill un, dat geet iwwert de Beruff. Et ass eng Krankheet, déi een net gesäit, et gesäit een de Patienten dat net un, wéi bei psychesche Krankheeten och, dat mécht et fir dee vis-à-vis dacks schwéier dat nozevollzéien. Et ass eng Krankheet déi een net kennt an de Mënsch neigt dozou, sech Saachen, déi en net kennt, anescht z'erklären, mat Musteren, déi e kennt. Dofir ass et eng Krankheet, wou d'Patiente vill Stigma erliewen."

Sech fir seng psychesch Krankheet schummen, d'Käschte vun enger Therapie an datt een dacks net richteg weess, wou ee soll Hëllef sichen, si fir d'Rachel Brixius alles Erklärungen, firwat et dacks laang dauert, ier een eppes géint eng mental Krankheet ënnerhëlt.

Mam nationale Plang fir déi mental Gesondheet soll sech op d'mannst op deem leschte Punkt eppes änneren, well virgesinn ass, datt eng Zort Ulafplaz geschaf gëtt, wéi d'Juliana d'Alimonté aus dem Gesondheetsministère explizéiert.

Dee Plang soll bis spéitstens ugangs d'nächst Joer um Dësch leien.

Eis Invitéen:

Rachel Brixius

Grënnerin vun der Selbsthëllef- Plattform "Letzbeaware"

Huet eng laang Kranken- a Leidensgeschicht hannert sech

RTL

Juliana D'Alimonte

Vu Formatioun Kanner- a Jugendpsychiaterin

Zoustänneg fir d'Psychiatrie extra-hospitalière am Gesondheetsministère

Mat responsabel fir de neien Nationale Plang fir d'Santé mentale

 

RTL

Charles Benoy

Dr an der Psychologie a Psychotherapeut

Fuerscht a léiert op den Unie Basel a Lëtzebuerg

Këmmert sech ëm Long-Covid an der Rehaklinik am CHNP

 

RTL

Nathalie Keipes

Direktesch vum CEPAS

Vu Formatioun Assistante sociale a Soziologin

RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)