Ob Futtball oder Business: Geld viru Moral?
Kann een dës WM nach gudde Gewëssens kucken a schuet se net dem Futtball? Si Sport a Politik ze trennen, si bei Big Business Mënscherechter a Klima egal?
"Ech kucken net!", dat sot den Denis Scuto am Kloertext op der Tëlee, wou et dës Kéier ëm d'Fro goung, ob een d'Futtballweltmeeschterschaft, déi e Sonndeg an enger Woch am Katar ufänkt, mat guddem Gewësse kucke kann an ob se net dem Fussball schuet.
De fréiere Jeunesse- an Nationalspiller, deen awer och Historiker a Vizedirekter vum Geschichtszenter op der Uni.lu ass, seet, him wier d'Loscht vergaangen.
Dem Katar gi jo massiv Verletzunge géint d'Mënscherechter virgehäit. Zum Beispill beim Bau vun de Stadionen, an deenen elo gespillt gëtt.
6 vun den 8 Stéck hunn extra misse gebaut ginn, ma se opzeriichten huet op d'mannst 6.500 Aarbechtsmigranten d'Liewe kascht. Mat Fraen an Homosexuelle geet de Golfstaat net besser ëm.
Et ass méi schwéier, sech op dës Weltmeeschterschaft ze freeën, seet de President vun der FLF, de Paul Philipp, deen och an der Nationalekipp gespillt huet a se trainéiert huet.
Hie bedauert, datt d'Diskussiounen, déi elo am Gaang sinn, net éischter ugefaangen hunn.
"Et muss ee kuerz widderhuelen, datt d'WM 2010 vergi ginn ass un de Katar, wat deemools vill Kapprësele mat sech bruecht huet. Du war eng Zäit laang Rou, mä et huet zu deem Zäitpunkt keen een déi Attributioun fir de Katar verstanen a wat elo d'WM méi no réckelt, gëtt esouguer iwwer Boykott geschwat. Dat ass ganz kloer. Et weess all Mënsch, wat do lass ass am Katar."
D'Virwërf vu Korruptioun goufen et vun Ufank un a se ware fir den Denis Scuto evident. Dat Land, dat de schlechtsten Dossier gehat hätt, wier erausgesicht ginn.
"Dat war e ganz grousse Prestigecoup fir de Katar, deen an där Géigend isoléiert war, par Rapport zu engem mächtegen Nopeschstaat Saudi-Arabien. Dat ass wierklech e Beispill, wou mat Sport Aussepolitik gemaach ginn ass vun engem Staat. Haut gëtt vu Greenwashing geschwat, mä dat war da Sportwashing."
Den RTL-Journalist Petz Bartz huet drun erënnert, datt et Beräicher gëtt, an deene sech manner Gedanken iwwert Verflechtunge gemaach goufe wéi am Sport. D'Weltausstellung zu Dubai zum Beispill.
"De Kont vun Dubai, wat d'Mënscherechtsverletzungen ugeet, deen ass net vill besser wéi dee vum Katar. De Mohammed bin Raschid al Maktum ass ee vun deenen autoritäerste Leader am ganzen Noen Osten. Do geet awer jiddereen hin, baut e Stand op an elo op eemol beim Sport hu mer Bedenken."
Den Ausseminister Jean Asselborn huet drun erënnert , datt dat hei net déi éischt Weltmeeschterschaft an engem Land ass, wou Problemer si mat de Mënscherechter an nennt déi vun 1978 an Argentinien.
"D'Mënscherechter an de Futtball, op alle Fall d'Weltmeeschterschaften, dat war net ëmmer "en Concordance." Wou een elo awer muss den Ënnerscheed maachen, dat ass, datt et net d'Politik ass, déi direkt dat hei decidéiert huet. Et ass d'FIFA, déi déi Decisioun geholl huet a se war och anescht gemengt. Se war jo gemengt fir 2018 Russland an dann 2022 d'Amerikaner."
Den FLF-President Paul Philipp ass der Meenung, datt ee sech d'Freed um Futtball net vum Katar soll huele loossen. Mat Ewechkucke wier nach kee weiderkomm. Hie géif selbstverständlech d'Matcher kucken, mä et kéint een och Futtball kucken an awer e kritesche Bléck op dat Ganzt hunn.
Eis Invitéeën
Paul PhilippPräsident FLF, Freiere Nationalspiller a Nationaltrainer
Denis Scuto
Freiere Jeunesse a Nationalspiller, Historiker a Vizedirekter vum Geschichtszenter Uni.lu
Jean Asselborn
LSAP-Ausseminister
Petz Bartz
RTL-Journalist fir Aussepolitik
Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)