Eng Fro an der Emissioun "Kloertext" war, wéi grouss d'Bedeitung vum internationale Fraendag ass. An dës huet keng vun de 4 Invitéeën a Fro gestallt.
D'Colette Flesch, d'Grande-Dame vun der DP, déi an hirer politescher Karriär ënnert anerem Stater Buergermeeschtesch a Vize-Regierungscheffin war, ass iwwerzeegt, datt den 8. Mäerz nach ëmmer e wichtegen Dag ass, well nach vill ze maache bleift, wéi si sot.
Hir Parteikolleegin Corinne Cahen hat an engem Post op Facebook geschriwwen, si hätt kee Besoin den internationale Fraendag ze feieren an hätt sech opgrond vun hirem Geschlecht nach ni diskriminéiert gefillt.
Et wier richteg schued, datt eng Ministesch esou eng Ausso géif maachen, huet d'Jessica Lopes bedauert. D'Soziologin an Assistente sociale huet via d'Plattform JIF de Fraemarsch vun e Mëttwoch mat organiséiert. Si ass der Meenung, datt d'Familljeministesch mat hirer Ausso d'Thema vum internationale Fraendag verfeelt huet. "Ech wëll gär dru gleewen, dass d'Madamm Corinne Cahen sech net diskriminéiert gefillt huet, et geet awer net ëm een individuell, et geet ëm d'Unerkennung, dass mer e kollektive strukturelle Problem hunn. Wann ee seet et géif een de Weltfraendag net feieren, well een ni perséinlech diskriminéiert ginn ass, dann huet een anengems och all deene Fraen op de Waardelëschten fir an d'Foyere gesot, dat wier bëssen iwwerdriwwen. Et huet een anengems all de Leit, déi op d'Strooss gi gesot 'Wat féiert dir dann op?' Dat ass och bëssen dem Vollek net nolauschteren an d'Realitéit net wëlle gesinn."
D'Danielle Igniti, déi fréier Presidentin vum Planning Familial, betount, datt et bei de Fraerechter keen Acquis gëtt. Et misst ee weider kämpfen, mä dacks wieren d'Fraen net esou erzunn a si hätten d'Tendenz, fir sech z'ënnerschätzen.
"Dir kënnt jo kucken, wéi et am richtege Liewen ass. Do kënnt en Typ, deen huet guer keen Doute, datt en eppes kann, och wann en net dofir geléiert huet an déi ganz Welt weess, datt en et net kann. Hie weess, datt en et kann. D'Frae sinn net sou! Si fäerte si kéinten et net an da gi se net. Wann een dee Schwank elo an der Chamber kuckt, do gesäit ee jo, wat lass ass. Fir mech ass dat symbolesch, fir dat, wat an der Welt an am Land geschitt. An déi Typpen, déi Selbstherrlechkeet, déi Arroganz, dat hunn déi einfach."
Fir d'Claire Schadeck, déi iwwer Genderfroen op der Uni fuerscht, läit et un engem strukturelle Problem, datt sech net méi Fraen zu Lëtzebuerg an der Politik engagéieren. D'Strukture wieren net dofir gemaach mat Debatten, déi dacks bis owes spéit ginn oder Gespréicher, déi am Bistro weider gefouert ginn. D'Frae wieren awer dacks déi, déi owes géifen heem goen, fir no de Kanner ze kucken an de Stot ze maachen.
Eis Invitéeën am Kloertext
Colette Flesch
Fréier Buergermeeschtesch Stad Lëtzebuerg
Fréier Vizepremierministesch EU a national Deputéiert

© Eric Steichen
Danielle Igniti
Fréier Presidentin Planning Familial
Fréier Direktesch Kulturzenter Diddeleng

Jessica Lopes
Soziologin an Assistante Sociale
Engagéiert bei ASTI & JIF

Claire Schadeck
Fuerscht zu Genderfroen op der Uni.lu
Responsabel Kulturpolitik CID Fraen an Gender

© Claire Schadeck
De Kloertext vun 20 Auer u live op der Tëlee
Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren. (Et kann awer e bëssen daueren, bis d'Emissioun no der Diffusioun komplett fir den Internet konvertéiert ass. Merci fir Äert Versteesdemech.)