De Kampf géint de Kriibs gëtt dank Fuerschung mat ëmmer neien an ëmmer méi sophistiquéierte Methode gefouert.

E Samschdeg ass dee groussen Télévie-Spendendag an an deem Kontext goung et am Kloertext op der Tëlee en Donneschdeg den Owend ëm déi kënschtlech Intelligenz an der Medezin.

E Beräich, wou sech ganz séier Froen iwwert d'Sécherheet vun den Daten, de Grenze vun der Ethik oder d'Technik stellen, déi de Mënsch kéint ersetzen.

Kënschtlech Intelligenz gehéiert awer anengems zu de sophistiquéierte Methoden, déi am Kampf géint de Kriibs an aner Krankheete grouss Avantagen hunn.

De Generaldirekter vum Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut LIH, de Professer Ulf Nehrbass fuerscht un der Kënschtlecher Intelligenz. Dee gréisste Virdeel, deen et a sengen Ae gëtt, ass datt d'Fuerschung vill méi direkt mat de Patiente schaffe kann.

"Mir kommen aus eisem Elfenbeintuerm eraus, mir schaffen net méi just u Mechanismen a Modellsystemer, mä mir kënnen direkt mat Date vu Patiente fuerschen. Dowéinst ass et ganz wichteg, datt mer och eng direkt Interaktioun mat de Patienten an den Dokteren opbauen. Deen Dräieck ass ganz wichteg an et ass och wichteg, datt mer d'Daten vun de Patiente kréien. Nëmmen da kënne mer déi intelligent Entscheedungsënnerstëtzung ginn."

Kënschtlech Intelligenz soll fir den Ulf Nehrbass also d'Medezin an hiren Decisiounen ënnerstëtzen.

Doktere géifen net duerch KI ersat an déi kënschtlech Intelligenz ass och nach net sou wäit wéi déi mënschlech, heescht et och vum Dokter Guy Berchem, dem President vum nationale Kriibsinstitut.

"Wann een alles kuckt, si mer nach net esou wäit, dass ee wierklech ka soen, datt et an der Medezin eng comparabel Intelligenz gëtt mat der mënschlecher Intelligenz an do dierfen d'Leit och keng Angscht hunn. Et kann eis vill hëllefen a verschiddenen Domainen, fir verschidde Saachen ze gesinn. Zum Beispill an der Radiomic, fir eppes op engem Scanner ze gesi wat mir net gesinn, dat ass sécher de Fall an deenen nächste Joren."

De Jean-Paul Mirkes ass selwer Kriibspatient a frou, datt et dank der Fuerschung ëmmer weider Méiglechkeete gëtt, fir de Leit ze hëllefen.

"D'Fuerschung gëtt immens acceleréiert, et ginn aner Therapien entwéckelt et huet een nëmmen Avantagen, virausgesat, déi mënschlech Intelligenz priméiert. Et ass fir mech immens wichteg, datt de Kontakt zum Dokter och bestoe bleift. De Patient kënnt jo net direkt mat der kënschtlecher Intelligenz a Kontakt, e kënnt mam Dokter a Kontakt an dat muss op alle Fall bleiwen."

Dem Jean-Paul Mirkes seng Doktesch ass d'Sigrid de Wilde. Si gesäit an hirer Aarbecht datt, et och ëmmer méi wichteg gëtt, datt een anescht op de Patient ageet. De Patient misst geléiert ginn, net just mat den Emotiounen ëmzegoen, déi eng Krankheet mat sech bréngt, mä och mat de wëssenschaftlechen Erausfuerderungen.

Eis Invitéeën am Kloertext

Dr Guy Berchem

Zanter Ufank un am Télévie engagéiert

President Nationale Kriibsinstitut

RTL

© Didier Weber / RTL

Prof Dr Ulf Nehrbass

CEO Luxembourg Institute of Health

Fuerscht och u KI

RTL

© Didier Weber / RTL

Dr Sigrid De Wilde

Hematologin

Member Verwaltungsrot Nationale Kriibszenter

RTL

© Didier Weber / RTL

Jean-Paul Mirkes

Kriibspatient

RTL

© Didier Weber / RTL

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.