Liewe fir ze schaffen oder schaffe fir ze liewen?
Wat ass de Stellewäert vun der Aarbecht? Wéi vill schaffe mir wierklech? Wéi kennen d’Betriber attraktiv a kompetitiv bleiwen?
Am Kloertext goung et deemno ëm d'Aarbechtszäitverkierzung.
Den LSAP-Aarbechtsminister wëll d'38-Stonne-Woch, fir de liberale Koalitiounspartner an d'Patronat kënnt dat net a Fro. Si proposéiere méi Flexibilitéit. Eng Astellung, un där och den Dag vun der Aarbecht näischt geännert huet.
Eng allgemeng Reduktioun vun der Aarbechtszäit ass fir d'DP weider en No-Go, wéi de Premier et ausgedréckt hat.
Fir d'Familljeministesch Corinne Cahen stelle sech aner Froen.
"Wéi eng Zäit brauchen d'Leit, fir kënne gutt ze liewen a fir sech kënnen z'organiséieren?
Jidderee kennt Stressmomenter am Liewen. Et huet ee vläicht kleng Kanner oder en Elterendeel, dee krank ass. Do brauch ee méi Zäit fir sech a seng Famill. Zu aneren Amenter am Liewen huet ee méi Zäit fir ze schaffen an do muss ee sech einfach kënnen organiséieren. Dofir huet d'Politik och déi lescht Jore gesuergt."
Donieft ass déi liberal Ministesch dovunner iwwerzeegt, datt den Aarbechtsmaart net méi attraktiv gëtt, wann een d'Zuel vun den Aarbechtsstonne vun uewen erof reduzéiert.
Op dee Wee wëll och d'Patronat net goen. De President vun der Unioun vun den Entreprisen, de Michel Reckinger, ass dovunner iwwerzeegt, datt een zesumme muss gestalten an datt tëschent Patron a Salarié solle Méiglechkeete fonnt ginn, fir Liewen a Schaffe gutt ënnert een Hutt ze kréien.
"90 Prozent vun eise Betriber hu manner wéi 50 Leit. De Patron kennt all seng Mataarbechter. Dee weess also wéini deen ee Fussballtrainer ass a kuckt, datt dat klappt. Dee weess, ob deen anere kleng Kanner huet oder grouss Kanner, dee weess, ob e gescheet ass oder net, elengerzéiend. An dat alles kann een am Betrib léisen an de Mataarbechter weess, wat de Betrib brauch."
Eng Ausso, déi den LSAP-Deputéierten Dan Kersch a fréieren Aarbechtsminister net deelt.
"D'Realitéit an de Betriber ass eng aner. Do gëtt genee dat doten net gekuckt a wann de Patron eleng mat sengem Salarié verhandelt, da wësse mer, wat erauskënnt a wie sech duerchsetzt. Dat ass an deenen allermannste Fäll de Salarié an, an deene meeschte Fäll, de Patron. Genee dowéinst soe mer Flexibilitéit jo, si soll och verhandelt ginn, mä se soll ënner gläichberechtegte Partner verhandelt ginn."
Den Ausdrock vu Work Life Balance ass een, deen der Karin Scholtes net gefält. Si ass bei enger grousser Bank zoustänneg fir d'Personal an d'Kommunikatioun a fënnt, datt et deelweis geféierlech ass, wann d'Aarbecht als eppes Béises gesäit, dat midd a krank mécht an een um richtege Liewen hënnert.
Eis Invitéeën am Kloertext waren
Dan Kersch, LSAP
President Aarbechtskommissioun Chamber
fréieren Aarbechtsminister

Corinne Cahen, DP
Familljeministesch
fréier Parteipresidentin

Michel Reckinger
President UEL
Vizepresident Handwierkerfederatioun

Karin Scholtes
Responsabel fir Personal a Kommunikatioun BIL
Member vum Exekutivcomité

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.