Am Kloertext goung et en Donneschdeg ëm d'Fro, wéi d'Leit zu Lëtzebuerg liewen: Mateneen oder éischter Niefteneen?

Zu Lëtzebuerg gëtt et Parallelgesellschaften, déi sech dacks net beréieren. Dee Constat mécht d'Nadia Masri. D'Artistin huet eng Lëtzebuergesch Mamm an en tuneesesche Papp an thematiséiert Froen iwwer d'Identitéit am Kuerzfilm "A Place to be". Si stellt fest, datt d'Sprooch hei am Land eng grouss Roll spillt.

"Wann déi Lëtzebuergesch Sprooch net do ass, da mécht dat automatesch, datt een an engem sozialen Alldag aus ganz Villem eraus bleift. Lëtzebuerg ass schonn e klengt Land, et ass scho bëssen eng Bulle a wann een dann och nach d'Sprooch net schwätzt ass ee quasi an enger Bulle, an enger Bulle."

Am Referendum 2015 hunn d'Lëtzebuerger mat grousser Majoritéit dogéint gestëmmt, datt Auslänner bei de Chamberwalen dierfe wielen. Bei de Gemengewalen dierfen se. Do huet sech all 5. Net-Lëtzebuerger ageschriwwen. Fir d'Juliette Ganschow, déi eng russesch Mamm an en amerikanesche Papp huet a sech drop freet, elo eng éischte Kéier dierfen ze wielen ass de Partizipatiounstaux méiglecherweis och eng Saach vun Opklärung.

"Wann et eng Sproochebarrière gëtt ass een sech als Auslänner net onbedéngt bewosst, datt ee ka wiele goen an datt ee sech muss aschreiwen. D'Plakat mat "Je peux voter" huet ee schonn op de Busarrêten oder online gesinn, mä sou krass opgefall ass et elo och net."

Den David Weis, e Lëtzebuerger deen an engem internationalen Ëmfeld lieft a schafft seet, datt sech senger Meenung no, d'Diversitéit vum Land, net genuch an der Politik erëmspigelt. Op d'mannst op nationalem Niveau.

"An de Gemengewalen hunn ech nach den Androck, datt se sech méi Méi ginn hunn, wéi nach virun e puer Joer, mä wann ee sech déi national Politik ukuckt... An dat ass och villäicht e Grond, firwat vill Net-Lëtzebuerger net wiele ginn, si kucken d'Walplakater a si erkenne sech net an deene Leit erëm, déi do drop sinn."

Den David Weis zweiwelt drun, datt dat sech fir d'Chamberwalen ännert, schliisslech wéissten d'Parteien, datt den Duerchschnëttswieler Lëtzebuerger ass.

De Kuerzfilm "A Place to be"

Déi ënnerschiddlech Welten zu Lëtzebuerg, d'Virurteeler an den Deels schwieregen Dialog tëscht den al agesiessenen Awunner vum Land an deene mat engem aneren kulturellen Hannergrond sinn och Sujet am Kuerzfilm "A Place to be", vun deem en Extrait am Kloertext ze gesi war. Geschriwwe gouf de Film vum jonke britteschen Artist Benjamin George Coles an der Invitée aus dem Kloertext der Nadia Masri. Hei kënnt dir "A Place to be" a senger Integralitéit kucken:

A Place to be
E Kuerzfilm vum Benjamin George Coles an der Nadia Masri.

Eis Invitéeën am Kloertext

Nadia Masri

Lëtzebuerger Mamm an Tunesesche Papp

Artistin, déi Froen iwwert Identitéit thematiséiert

Polyanna Martins

Brasilianerin a Lëtzebuergerin

Zanter 15 Joer am Land

Duncan Roberts

Englänner um Wee fir duebel Nationalitéit

Zanter 33 Joer am Land

David Weis

Lëtzebuerger mat Franséisch als Mammesprooch

Schafft a lieft an engem internationale Kontext

Juliette Ganschow

Dräifach Nationalitéit

Russesch Mamm, Amerikanesche Papp

Wäert dëst Joer fir déi éischte Kéier wiele goen

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.