Stad Lëtzebuerg: Déi bescht Gemeng fir ze liewen?
Am Kloertext op Tëlee Lëtzebuerg goung et dës Kéier ëm d'Gemengewalen an der Stad.
8 Parteien hunn iwwert d'Erausfuerderunge fir déi nächst Joren diskutéiert an domadder verbonnen och iwwert aktuell Problemer. Där ginn et - ouni grouss Iwwerraschung - an de Beräicher Mobilitéit a Logement.
No 54 Joer liberaler Politik um Knuedler geet et duer, seet den LSAP-Co-Spëtzekandidat Gabriel Boisanté, well de Bilan wier net gutt. Soss géife Problemer wéi de Logement guer net.
"Ech wäert fir déi Gemeng kämpfen. Ech well et net méi hunn, datt Leit, déi am Commerce, an der Industrie am Artisanat nëmmen an der Stad schaffen, mä net kënnen do wunnen. D'Leit sinn net nëmmen do fir ze schaffen. Ech verstinn net firwat mer näischt fir déi Jonk maachen."
Datt d'Leit net méi kënnen an der Stad wunnen, wollt déi aktuell DP Buergermeeschtesch Lydie Polfer net gëlle loossen.
"70 Prozent vun de Leit an der Stad, déi si Proprietär vun hirer Wunneng an déi 3000 Leit, déi all Joers bäikommen, déi wunnen och an der Stad, déi wunnen net an enger anerer Gemeng."
Méi Leit bedeit och méi Beweegungen op der Strooss. Iwwert déi nächst Joren gëtt mat engem Plus vu 40 Prozent gerechent. Eng Alternativ ass de Vëlo, mä, kritiséiert de Co Spëtzekandidat vun déi Gréng déi François Benoy, dat ass dacks geféierlech.
"Ech wäert op alle Fall, wann ech d'Chance hunn, Buergermeeschter ze ginn, eng Prioritéit drop setzen, datt mer sécher Vëlosweeër kréien. Datt all Mënsch sech traut, als Famill a mat senge Kanner sécher ze fueren, iwwerall an der Stad."
Den éischte Schäffen - de Serge Wilmes, deen als Spëtzekandidat fir d'CSV untrëtt, reagéiert:
"Den Här Benoy fiert warscheinlech ni iwwert d'Avenue Marie-Thérèse, ni iwwert de Prënzeréng, iwwert d'Millebaacherstrooss oder duerch d'Avenue Pasteur, iwwert de Boulevard de la Petrusse oder iwwert d'Jean Origer Strooss. Dat sinn alles Stroossen, déi sinn entweder scho méi sécher gemaach ginn oder si gi geséchert."
300 Parkplazen, preziséiert de Serge Wilmes, hätt een ewechgeholl, fir dem Vëlo méi Plaz ze ginn.
Eis Invitéeën am Kloertext
Gabriel Boisanté - LSAP
Co-Spëtzekandidat / Gemengerot /

Lydie Polfer - DP
Co-Spëtzekandidatin / Buergermeeschtesch

François Benoy - Déi Gréng
Co-Spëtzekandidat / Gemengerot /

Serge Wilmes - CSV
Spëtzekandidat / 1te Schäffen

Ana Correira - Déi Lénk
Kandidatin / Gemengeconseillère

Tom Weidig - ADR
Co-Spëtzekandidat

Pascal Clement - Piraten
Spëtzekandidat

Marc Ruppert - FOKUS
Co-Spëtzekandidat / Parteipresident

Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.