Net just Obesitéit, mä och Iessstéierungen huele massiv zou... Firwat ass en entspaant Verhältnes zum Iessen an dem Kierper esou schwéier?

Iwwergewiicht an Iessstéierungen huele massiv zou. Et ass e Problem, deen ëmmer méi fréi ufänkt. An Europa ass ee Kand vun dräi ze déck. Dacks ass de Kampf géint d'Iwwergewiicht awer net esou einfach, och net mat deem néidege Wëssen iwwer Ernierung.

Dat huet eng vun den Invitéen aus der Emissioun Kloertext selwer erlieft. D'Viviane Salvestrin huet 138 Kilo op d'Wo bruecht, bis si viru 4 Joer e Mo Bypass gesat krut an zënterhier ronn d'Hallschent vun hirem Gewiicht verluer huet.

Si war als Kand scho méi déck an huet ënnert de Remarke vun anere Kanner gelidden. Datt si och am Erwuessenenalter ëmmer weider zougeholl huet, louch net drun, datt si net genuch iwwer Ernierung wosst. Am Contraire. Si ass Infirmière, huet Nutritioun studéiert an och enseignéiert, mä si konnt sech selwer net hëllefen.

"Ech war gefaangen an engem Hamsterrad. Ech sinn ëmmer nëmmen do ronderëm gaangen. Aus Frust hunn ech giess, dann hunn ech mech manner beweegt, doduerch datt ech mech manner beweegt hunn, sinn ech méi déck ginn, well ech méi déck gi sinn, hunn ech erëm aus Frust giess."

D'Viviane Salvestrin appelléiert u jiddereen, deem et genau esou geet, eppes dogéint ze maachen. No hirer Operatioun huet si ugefaangen, ofzehuelen. Si huet dobäi geléiert, méi bewosst z'iessen, ouni sech vun enger Zeitung, dem Fernsee oder dem Handy oflenken ze loossen.

Dat ass enorm wichteg, seet Dokter Salima Arab. Si ass Kannerpsychiaterin an Psychotherapeutin. "Et ass do, wou een hikomme muss. Achtsam iessen. Dacks ësst een och, fir Gefiller ze bewältegen. Scholdgefiller, Schimmt, Trauregkeet oder soss Gefiller. Do huet d'Iessen dann eng aner Funktioun. Do geet et net méi ëm Närstoffer, déi de Kierper brauch."

Mä wat brauch de Kierper oder wat dierf en net kréien? Ofwiesslung ass wichteg, seet den Dokter Marc Keipes. Hien ass Endokrinolog an Diabetolog. "Et sinn net eenzel Närstoffer, déi eppes ausmaachen an déi ee gesond maachen. Et ass de ganze Liewensstil mat der Beweegung, mat genuch Waasser drénken, mat ofwiesslungsräich z'iessen. Och wann een elo nëmme Geméis ësst an et ësst een ëmmer just Brokkoli, ass et och net gutt."

Beweegung heescht net, datt ee Goldmedaile muss gewannen, präziséiert den Expert. Dräi Mol 50 Minutten Beweegung d'Woch géife bal 5 Joer méi Liewenserwaardung bei gudder Gesondheet bréngen.

Kloertext vum 15. Juni 2023 / Resumé Dany Rasqué

Eis Invitéeën am Kloertext

Dr Marc Keipes

Endokrinolog Diabetolog, Zitha Gesondheetszentrum

Viviane Salvestrin

War 138 kg schwéier an huet duerch e Mo-Bypass Gewiicht verluer

Dr Salima Aarab

Pedopsychiaterin a Psychotherapeutin, Nationalen Service fir Jugendpsychiatrie HRS

Maryse Arendt

Matgrënnerin Initiative Liewensufank a Stëllberoderin

Tom Flammang

Fréiere Profi-Cyclist a Sportschef vun RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.