Am Kloertext op der Tëlee goung et en Donneschdeg ëm de Lëtzebuerger Gesondheetssystem a wéi dee sech entwéckele muss.

An der Gesondheetspolitik steet Lëtzebuerg viru groussen Erausfuerderungen. Deemno bei wéi een Dokter ee muss goen, waart een nawell laang op e Rendez-vous. D'Populatioun wiisst awer weider an an deenen nächsten 10 Joer kéinten och nach zwee Drëttel vun den Dokteren an d'Pensioun goen.

Et gëtt also Handlungsbedarf. Ënnert anerem d'CSV huet am Kloertext d'Regierung an apaart d'LSAP-Gesondheetsministesch fir dës Situatioun responsabel gemaach. An der Walcampagne vun 2013 goung et ëm genee déi selwecht Problemer wéi dëst Kéier, huet de Claude Wiseler vun der CSV kritiséiert:

"Mam Resultat, datt mer déi selwecht Diskussioun 2018 haten a mer déi selwecht Diskussioun elo erëm hunn a mer an Tëschenzäit am Fong geholl net weiderkomm sinn op deenen do Sujeten. Dat ass awer e Reproche dee mir maachen. Hei sinn 10 Joer op enger Politik geschafft ginn, déi manifestement an eng Sakgaass gefouert huet, well mer net weiderkommen."

Fir de Claude Wiseler ass kloer, datt méi misst op ambulant Medezin gesat ginn, dat heescht, Medezin baussent de Spideeler. Elo géif vill gepléischtert ginn. D'LSAP-Gesondheetsministesch gesäit dat anescht.

"Här Wiseler, Dir wësst dat ganz genau, mir hu Projeten um Lafen, do si mer bei iwwert enger Milliard Investissementer. Sämtlech grouss Spideeler hu Projeten um Lafen, fir vergréissert ze ginn. Dat si ganz ganz vill Suen, déi op den Dësch geluecht gi sinn an Dir musst och an d'Spideeler investéieren. Natierlech ass den extra hospitalier dobäi an dat ass och eng Prioritéit."

Nieft der Infrastruktur ginn awer och Doktere gebraucht. Selwer ausbilden ass de Léisungsvirschlag vum Jean-Marc Cloos, Medezineschen Direkter a Psychiater, dee fir déi Gréng kandidéiert.

"Komm mir bilden Pediateren, Psychiateren, Geriateren, Aarbechtsmedezinner hei am Land aus. Komm mir kucken, ob mer am Ausland op den Unien Plaze kënnen akafen."

Fir de Sven Clement vun de Piraten ass de Manktem u Vitess ee vun de grousse Problemer am Beräich vun der Santé. Hien an och de Roy Reding vu Liberté-Fräiheet sinn der Meenung, datt et hei am Land eng zwou Klasse-Medezin gëtt.

D'Carole Hartmann vun der DP huet betount, datt een déi ganz Diskussioun aus der Siicht vum Patient muss kucken. Seng Suergen a Problemer dierft een net aus den Ae verléieren.

Eis Invitéeën am Kloertext

Paulette Lenert

LSAP-Spëtzekandidatin

Gesondheetsministesch

RTL

© Tim Morizet

Dr Jean-Marc Cloos

"déi gréng"-Kandidat am Zentrum

Medezineschen Direkter &  Psychiater

RTL

© Tim Morizet

Sven Clement

Pirate-Co-Spëtzekandidat am Zentrum

Deputéierten

RTL

© Tim Morizet

Carole Hartmann

DP-Co-Spëtzekandidatin am Osten

Deputéiert a Buergermeeschtesch

RTL

© Tim Morizet

Claude Wiseler

CSV-Kandidat am Zentrum

Deputéierten

RTL

© Tim Morizet

Roy Reding

Liberté-Fräiheet-Spëtzekandidat

Deputéierten

RTL

© Tim Morizet

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.