Am Kloertext goung et dës Kéier ëm d'Visiounen, déi déi verschidde Parteien fir d'Schoul hunn.

Invitéiert waren de Claude Meisch (DP), d'Francine Closener (LSAP), d'Djuna Bernard (déi Gréng), d'Martine Hansen (CSV), de Fred Keup (ADR) an de Marc Ruppert (FOKUS).

Et gëtt eng staark ëffentlech Schoul gefuerdert, eng Schoul wou d'Chancëgerechtegkeet den A an O ass. An och den Tronc Commun ass nach kee Schnéi vu gëschter. An der Educatioun gëtt et op alle Fall vill Aarbecht.

Kloertext zum Thema Educatioun / Rep. Dany Rasqué

De Claude Meisch ass houfreg, datt déi lescht zwee Joer eng 1.200 Enseignanten, Educateuren, Eltere, Schüler a Schüler um Léierplang 25 geschafft hunn, fir ze definéieren, wéi d'Schoul an d'Zukunft soll ausgesinn.

Eppes Änleches bréicht een och am Secondaire, fënnt d'Francine Closener vun der LSAP. Iwwerhaapt bräicht een e nationale Plang fir déi ganz Schoulkarriär.

"Vum Precoce bis eriwwer bei d'Première, fir datt dat openeestëmmt. Dat ass haut nach ëmmer net de Fall. D'Grondschoul mécht dat eent an de Secondaire mécht dat anert. Do ginn et net onbedéngt ganz vill Verzahnungen. Där Saach musse mer eis awer och unhuelen. Ech ginn awer dem Minister Recht, datt een do mol als alleréischt d'Experten an d'Elteren an d'Schüler soll gewäerde loossen, ier d'Politik do eppes virgëtt."

Déi meescht Parteien si sech eens, datt d'Chancëgerechtegkeet an der Schoul muss verbessert ginn.

Eng Diskussioun, an där scho méi laang vum Tronc Commun geschwat gëtt, engem Modell mat deem d'Kanner eréischt méi spéit - mat 15 - géifen opgedeelt ginn, an net nom Cycle 4.2.

E Konzept, hannert deem notamment déi Gréng stinn, wéi d'Djuna Bernard seet.

"Well mer iwwerzeegt sinn, datt een eréischt méi spéit seng Schwéierpunkte festleet an datt een doduerch eng ganz nei Opwäertung vun zum Beispill der Beruffsausbildung ka maachen, wou een einfach en neien Ëmgang, en neit Denke muss hunn."

D'Martine Hansen vun der CSV seet, si wier sech sécher, datt den Tronc Commun net funktionéiert. Hir Partei stéiert sech drun, datt et am Classique 11 verschidde Sektioune gëtt a géif do usetzen.

"Sou datt mir d'Propos maachen, mir sollen analyséieren, fir vun deene Sektioune fortzekommen, fir déi opzebriechen an e System maache mat Haaptfächer an Niewefächer. Wou an all Lycée sou wäit wéi méiglech dat selwecht kann offréiert ginn an de Schüler sech säint kann zesummesetzen."

Aner Vue beim liberalen Educatiounsminister Claude Meisch.

"Et ass dach net normal gewiescht, datt mer virun 10 Joer keng Sektioun am klassesche Lycée haten , déi sech ëm Informatik gekëmmert huet. Jidderee weess, wéi wichteg datt dat ass an datt dat Zukunft ass, och vun der Ekonomie hei zu Lëtzebuerg. Et ass net normal, datt mer bis dëst Joer keng Sektioun am klassesche Lycée haten, déi sech ganz geziilt mat Geeschteswëssenschaften an Humanwëssenschafte beschäftegt huet. Ech gesinn do net, wou dat elo e Kuddelmuddel wier, wou kee sech géif erëmfannen."

De Claude Meisch bedauert, datt villes direkt zerriet géif a seet, hien hätt an de leschten 10 Joer heiansdo d'Gefill gehat, datt wann hien A seet, déi aner B soen an ëmgedréint.

Eis Invitéeën am Kloertext

Claude Meisch DP

Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend

Co-Spëtzekandidat Süden

RTL

Francine Closener LSAP

Deputéiert a Co-Spëtzekandidatin Zentrum

Parteipresidentin

RTL

Djuna Bernard déi gréng

Co-Parteipresidentin

Deputéiert

RTL

Martine Hansen CSV

Deputéiert a fréier Héichschoulministesch

Co-Spëtzekandidatin Norden

RTL

Fred Keup ADR

Deputéierten

Parteipresident

RTL

Marc Ruppert FOKUS

Grënnungsmember & Parteipresident

Freiere Generalsekretär DP, Enseignant

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.