Wéi gerecht ass eise Steiersystem?
De Steiersystem muss méi gerecht ginn! Dat ass e Constat, dee quasi all d'Invitéën am Kloertext op der Tëlee gedeelt hunn.
Et goung et ëm d'Steierpolitik an d'Mesuren déi déi nächst Regierung muss decidéieren. Bei der Fro, wéi eng dat sinn, ass ee sech net ganz eens an et gouf däitlech, datt d'DP deenen anere Parteien net wäit genuch geet, mat deem wat se versprécht.
Kritik gouf et virop vun der LSAP. De fréiere Vizepremier Dan Kersch huet festgestallt, datt d'Regierung bei de Privatstéit net dat gemaach huet, wat se sech virgeholl hat:
"Et si Grënn ginn, dat ass ouni Zweiwel richteg, mä déi Grënn kann een awer net bis Sankt Nimmerlein ëmmer erëm gebrauchen. Et muss een awer op d'mannst elo wëssen a wéi eng Richtung, datt et geet an ech stelle fest Madamm Backes, et deet mer Leed, datt dat an Ärer Partei net de Fall ass. Dir sot eis elo erëm an de Walen, am Walprogramm 'Mir musse kucken, mir mussen analyséieren, mir musse kucken datt dat net ze deier gëtt'."
Den Dan Kersch ënnersträicht, datt et an den Aen vu senger Partei Sputt gëtt, fir d'Leit z'entlaaschten a kritt do Réckendeckung vum Deputé-Maire vu Mamer Gilles Roth vun der CSV:
"Ech ginn dem Här Kersch an deem Sënn Recht, datt een net ka soen, et wier kee Sputt do. Kuckt emol, déi Leit, déi géint Loun a Gehalt schaffen, déi Leit, déi Pensioune kréien, déi bezuelen all Joers 800 Millioune méi u Lounsteier. Dat ass eppes wat iwwerdriwwen ass. Dir kënnt jo net permanent vun de Leit méi Sue froen, well der näischt adaptéiert an dann herno sot der et wier kee Sputt do, dat geet net an dofir ass och eis Approche, datt mer d'Leit mussen entlaaschten."
Datt d'Leit sollen entlaascht ginn, domadder ass och d'DP-Finanzministesch Yuriko Backes averstanen, zum Beispill iwwert eng reegelméisseg Upassung vun der Steiertabell - awer an Zäiten wou d'Viraussetzunge stëmmen:
"Mir maachen dat, wa mer kënnen a mir wëllen do keng Versprieche maachen, déi mer net hale kënnen. Dat wier wierklech och net fair vis-à-vis vun de Wieler, fir Saachen ze verspriechen, wou mer ganz genee wëssen, datt mer se net hale kënnen, mä mir hu jo awer bewisen, datt mer et maachen, wa mer et maache kënnen, da maache mer et."
Eng nei Regierung misst, sollt a kéint och eng Individualiséierung vum Steiersystem hikréien, seet d'Yuriko Backes. Et misst en neie Steierbarème op d'Been gestallt ginn, ma d'Finanzministesch verstoppt net, datt dat net vun haut op muer geet.
Den Tommy Klein vun de Piraten bedauert dat: "Ech fannen et schued, wann een héiert wéi dat elo soll daueren. Et gëtt jo schonn zënter 2013 diskutéiert. Dat heescht déi Leit, déi elo scho finanziell Schwieregkeeten hunn, mussen nach waarden bis endlech Saache gemaach ginn."
Och de Fränk Engel vu Fokus plädéiert fir Mesuren, déi de Leit séier hëllefen: "Et kéint een och muer soen: 'komm mir maachen de Mindestloun mol steierfräi'. Da géif all Mënsch queesch duerch d'Steiertabell bësse manner bezuelen, mir mussen eis just net arieden, datt et sech géif selwer finanzéieren."
Eng Moossnam, mat där déi Lénk méi Steiergerechtegkeet géif finanzéieren, ass eng Verméigenssteier, fir Leit, déi däitlech méi hunn wéi anerer, erkläert de Marc Baum:
"Den Haaptwunnsëtz erausgerechent, gëtt an dann nach eng Kéier 200.000 Euro Kapital, dat ass exoneréiert. Do geschitt guer näischt an alles wat doriwwer awer eraus geet, do musse mer dat erëm aféieren wat mer och schonn zu Lëtzebuerg haten. Mir gesinn do eng progressiv Steier vun 0,5 bis 2 Prozent vir. Also och näischt wou d'Leit dono géifen aarm dovunner ginn, mä wat awer eng Gerechtegkeetsfro ass."
Iwwert eng Verméigenssteier soll een op d'mannst kënnen diskutéieren, fënnt d'LSAP. D'CSV, d'DP, d'Piraten an de Fokus wëllen net op dee Wee goen.
Invitéen
Yuriko Backes - DP
Finanzministesch a Co-Spëtzekandidat Zentrum
Stellt sech fir déi éischte Kéier dem Wieler

Dan Kersch - LSAP
Deputéierten a Kandidat am Süden
Fréieren Aarbechts- an Inneminister

Gilles Roth - CSV
Deputéierten a Buergermeeschter
Steierpolitesche Spriecher

Frank Engel - FOKUS
Kandidat am Zentrum
Huet scho fir Diskussiounen ëm d'Steiere gesuergt

Tommy Klein - PIRATEN
Kandidat Zentrum
Stellt sech fir déi éischte Kéier dem Wieler

Marc Baum - Déi Lénk
Kandidat am Süden
Gemengerot a fréieren Deputéierten

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.