Mir sinn zu 70% eng Natioun vu Proprietären, nach, mä ass dat och an Zukunft méiglech an néideg?

Am Kloertext op der Tëlee goung et dës Kéier ëm de Logement. 70 Prozent vun de Leit am Land si Proprietär. Ob dat awer esou bleiwe kann an ob et fir Jonker iwwerhaapt nach méiglech ass, eng Wunneng oder en Haus ze kafen, dat gëtt ëmmer méi onsécher.

Fir de Max Leners vun der LSAP ass Lëtzebuerg elo op engem decisive Punkt.

"Gi mer e Land wéi Dubai oder Katar, wou just nach verschidde Milliounenierwen sech kënne Wunnraum leeschten oder bleiwe mer e Land, dat awer oppen ass a wou all Mënsch, dee vu Moies bis Owes schafft, sech nach kann en Doheem leeschten. Mir mengen, datt een déi Leit steierlech muss entlaaschten, déi eng Wunnimmobilie kafen, fir selwer dran ze wunnen an e Plaffong op d'Loyere maachen, fir de Marché vun der Locatioun an der Vente z'entlaaschten."

D'Parteie si sech driwwer eens, datt de Staat an d'Gemenge méi musse bauen, mä mat der Ënnerstëtzung vum Privatsecteur, seet den CSV Deputé Maire vun Hesper de Marc Lies.

"D'Zesummenaarbecht tëschent Staat, tëschent Gemengen, tëschent der privater Bauwirtschaft awer och private Leit, déi an de Steen investéieren, ass wichteg. Wa mir dee Marché net nees eng Kéier relancéiert kréien, da kréie mer an deenen nächste Joren nach vill méi e grousse Problem. D'Madamm Polfer huet et gesot an ech gesinn et och bei eis an der Gemeng bei de Baugeneemegungen. Kuckt mol eng Kéier d'Notairesakten, wat iwwerhaapt nach vun Akte gemaach ginn ass. Dat ass eng riseg Katastroph."

De gréngen Logementsminister Henri Kox wëll mat senger Wunnengsbauoffensiv viru maachen. Et dierft een eebe just Feeler, déi an der Vergaangenheet gemaach gi wieren, elo net méi maachen.

"Déi Wunnengen, déi ëffentlech subventionéiert goufen, goufen erëm verkaaft. An dat ass dee Paradigmewiessel, dee mer elo mussen aleeden. Deen ass net konsequent duerchgezu ginn, well soss hätte mer haut méi wéi dräi Prozent Wunnengen an der ëffentlecher Hand an dat hu mer net. An all deene Länner, wou et gutt funktionéiert, sinn dat Minimum 20 Prozent an do musse mer hikommen."

Nach e wäite Wee. Den Aly Ruckert vun der KPL ass däitlech. Dës Regierung an och déi virdrun hätt versot.

"Är Programmen, do steet zënter 30 Joer ëmmer dat selwecht dran. D'Wunnengsnout gëtt ëmmer méi grouss an de leschte Joren. Wunnen mécht aarm zu Lëtzebuerg an dat ass är Politik, déi der maacht. Där léisst dee Problem net. Et musse Wunnenge gebaut ginn, déi d'Leit kënne bezuelen a wou se en nidderege Loyer hunn."

50.000 Wunnenge missten an deenen nächsten 10 Joer gebaut ginn, ënnersträicht den Aly Ruckert, fir dat ëmzesetzen, bréicht Lëtzebuerg awer dréngend méi Leit déi um Bau schaffen.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer huet virun enger schroer sozialer Kris gewarnt. D'DP Politikerin mécht dat fest unhand vun de Baugeneemegungen, déi an der Stad Lëtzebuerg eraus ginn. Virun zwee Joer wieren dat der nach däitlech méi gewiescht wéi elo.

"Et waren der 1964, d'lescht Joer ware mer op 968 an dëst Joer op 693. Dat heescht, dat do ass eng enorm Kris, well déi, déi do net gebaut ginn, déi feelen eis muer. Mä et geet och ëm all déi Entreprisen, déi hannendru sinn, an den Elektriker an de Plätterchersleeër an dann déi, déi am Haus solle wunnen. Dat gëtt eng richteg sozial Kris an dofir sinn ech 100 % domadder d'Accord: et muss vun der ëffentlecher Hand, also d'Gemengen an de Staat, op eng ganz aner Aart a Weis intervenéiert ginn."

Déi Lénk sinn dovunner iwwerzeegt, datt si an hirem Walprogramm Moossname stoen hunn, fir esou eng Kris ze verhënneren, seet de Gary Diderich.

"Mir hu jo och eng ëffentlech Baufirma am Programm, déi géif dozou bäidroen, datt eis net och nach Aarbechter ofwanderen, déi mer elo dréngend brauchen. A mir hunn e Plafonnement vun de Loyeren am Programm, dee géif direkt wierken. Do muss een net waarden op Prozeduren a Reglementer a Gesetzesännerungen. Dee géif direkt fir d'Leit gëllen, déi elo hir Loyeren an d'Luucht gesat kréien."

D'Invitéen

Henri Kox déi gréng

Logementsminister

Co- Spëtze- Kandidat am Osten

RTL

Lydie Polfer DP

Deputéiert a Stater Buergermeeschtesch

Kandidatin am Zentrum

RTL

Max Leners LSAP

Member & Auteur Fondatioun Robert Krieps

Kandidat am Süden

RTL

Marc Lies CSV

Deputéierten an Hesper  Buergermeeschter

Kandidat am Zentrum

RTL

Gary Diderich déi Lénk

Co- Parteispriecher a Gemengerot Déifferdeng

Kandidat am Süden

RTL

Ali Ruckert KPL

Parteipresident

Spëtzekandidat am Süden

RTL

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.