Ukrain: 2 Joer Krich a keen Enn an Aussicht?
Déi séier Victoire, déi de Putin sech erhofft hat, war et net, d’Ukrain hält dem russeschen Aggresseur nach ëmmer d’Stier, d’Fro ass just wéi laang nach.
“Qui veut la paix, prépare la guerre”
An der Emissioun "Kloertext" waren d’Invitéë sech eens, dass Europa net derlaanscht kënnt, massiv opzerëschten, fir dass mer an Zukunft a Fridde liewe kënnen, ee Fridden, deen awer mat der Menace, déi vun engem Vladimir Putin ausgeet, op ganz wackelege Féiss steet.
“Mir waren naiv”
Dat seet den DP-Europadeputéierten a fréiere Verdeedegungsminister Charel Goerens. Mir hätten dru gegleeft, dass et net méi zu engem Krich an Europa géif kommen an hätten eis ze laang op d’Amerikaner verlooss. Hie wéilt net den Däiwel un d’Wand molen, mee engem Putin wier alles zouzetrauen an hien hätt mat Länner wéi China geféierlech Alliéiert, déi vill méi an d’Militär investéieren wéi Europa.
2024 wier ee kruziaalt Joer, mir missten elo vill Suen an d’Hand huelen, fir dass d’Ukrain sech besser verdeedege kann a mer net a 50 Joer an de Geschichtsbicher misste liesen, dass mer 2024 ze knéckeg waren, fir an eis Fräiheet z’investéieren. Déi wichtegst Walen dëst Joer wieren dobäi déi vum November an den USA. Ganz villes géif dervun ofhänken, wat d’Amerikaner decidéieren, ob een Donald Trump zréck an d’Wäisst Haus kënnt oder net.
“Ee laangwierege Krich“
Dëse Krich ass nach sou bal net eriwwer, prophezeit de Generol Steve Thull. D’Ukrainer stéingen, souwuel wat d’Zaldote wéi och d’Material a Munitioun ugeet, net gutt do. No zwee Joer un der Front wieren di ukrainesch Kämpfer midd a missten ersat ginn. Duerfir wier et lo essentiel, nei Leit ze forméieren, do géif och Lëtzebuerg mathëllefen.
“Den Ukrainer bleift guer näischt anescht iwwreg, wéi sech virun ze verdeedegen”, esou de Chef d’Etat Major, deen och dofir plaidéiert, dass Europa massiv an d’Militär investéiert, fir op eegene Féiss par Rapport zu den USA ze stoen.
Dat géife mer de Moment net. D’Gefor, dass de Putin op nuklear Waffen zréckgräift, hält de Generol den Ament net fir realistesch, mee ausschléisse kéint een näischt.
“D’Liewensfreed ass fort”
Den Daniel Porcedda, dee laang an der Ukrain gelieft huet a virun zwee Joer op Lëtzebuerg geflücht ass, kennt d’Ukrainer als een zougänglecht, oppent Vollek. Mee elo, no zwee Joer Krich, wier d’Liewensfreed fort, d’Leit géife permanent an Angscht virun Ugrëff liewen. Den Här Porcedda, deen och russesch versteet, suivéiert och wéi d’Vollek a Russland vun der Regierung endoctrinéiert gëtt. “ Et misst jiddwereen hei bei eis mol 20 Minutten den Dag russesch Televisioun kucken, da géife mer erféieren, ob wéi eng Aart a Wéis hei Propaganda gemaach gëtt, dat kënne mir eis guer net virstellen", erkläert de Mann, dee sech de Moment net virstelle kann, zréck an d’Ukrain ze goen .
“Wat mer maachen, si “Peanuts”, mee si sinn immens wichteg “
D’Karolina Markiewicz huet polnesch Originnen. Si ass Realisatrice an Actrice a war e puer mol an der Ukrain, fir Hëllefsgidder dohin ze bréngen. Och si gesäit kee Wee laanscht Oprëschtung, obwuel ee jo eigentlech mat Educatioun oder duerch d’Kultur d’Vëlker misst matenee verbannen a jonke Leit vermëttelen, wéi wichteg Fridden ass. Kleng Initiativen wéi Partnerschaften tëscht polneschen an ukrainesche Stied, wouduercher och Jonker mateneen a Kontakt kommen, wiere wuel “ Peanuts”, mee wichteg.
Mee et dierft een net naiv sinn ... Engem Mann wéi dem Vladimir Putin wier alles zouzetrauen. Do waren déi 4 Invitéë sech eens.
D'Invitéeën am Kloertext sinn:
Steve Thull
Generol
Chef d’Etat Major Lëtzebuerger Arméi

Charel Goerens
DP-Europadeputéierte
fréiere Verdeedegungsminister

Daniel Porcedda
Huet 24 Joer zu Kiew gewunnt
Huet déi orange Revolutioun an den Euromaidan erlieft

Karolina Markiewicz
huet Hëllefsgidder an d’Ukrain geliwwert
Artistin, Realisatrice, Enseignante

De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.