Neiwalen a Frankräich: Fräiheet a Gläichheet just nach fir Fransousen?
"Ech oder Chaos" dat war dem Emmanuel Macron säi Motto, de President huet sech als deen Eenzegen inzenéiert, deen d'Extremer kéint ofschafen.
Europa réckelt ëmmer méi no riets. E Sonndeg kéint Frankräich op dee selwechte Wee goe wéi Holland oder Italien. Dat ass eng Gefor fir d'Demokratie am Hexagone an och fir d'Europäesch Unioun. Dat hunn d'Invitéen am Kloertext en Donneschdeg den Owend ënnerstrach.
Eng vun hinne war d'Viviane Fattorelli. Si ass Buergermeeschtesch vun Audun-le-tiche an huet grouss Angscht, datt de Rassemblement National iwwermuer d'Parlamentswalen a Frankräich gewënnt.
"Ech si ganz pessimistesch dës Kéier. Ech hunn Angscht, datt de Rassemblement National eng Majoritéit kritt a wann e keng Majoritéit kritt, ass d'Land net méi ze regéieren."
Och de liberalen Europadeputéierte Charel Goerens seet, e wier extrem besuergt. An 18 vun de 27 EU Memberlänner wier d'Extreme Droite schonn un der Muecht oder an de Sondagen op der éischter respektiv zweeter Plaz. Hien zitt Parallelle mat der Zäit just virum zweete Weltkrich.
"Ech hunn elo mat enger ganzer Partie Kolleege geschwat. Wann der elo d'20. Joerhonnert huelt, wat fir ee Joer erënnert Iech am meeschten un dat, wat elo lass ass? Ganz vill hu mer geäntwert 1939. Et war eng kollektiv Insouciance do, et wosst am Fong kee richteg, wat op eis duer kéim an duerno ass et knëppeldéck komm. Mir hunn elo nach Zäit a Frankräich an och am Rescht vun Europa, fir eis esou z'organiséieren, datt 1939 net suivéiert gëtt an dësem Joerhonnert vun 1940."
De Faschismus, constatéiert den David Wagner, den Deputéierte vun déi Lénk, gëtt gären als eng Zort Geeschteskrankheet dohinner gestallt.
"...wou d'Leit op eemol hypnotiséiert si vun iergendengem Leader an da gi se Faschisten an Antisemittten an et wéisst een net firwat. Et freet ee sech, wéi konnt dat geschéien? Mä do ginn et aner Mechanismen, déi och mat engem ekonomesche System zesummenhänken. Et dierf een ni vergiessen, datt souwuel Mussolini wéi och den Adolf Hitler net vum selwen un d'Muecht komm sinn. Déi krute gehollef vu Leit an hire jeeweilege Länner, déi immens vill Geld haten an déi Interêt haten en autoritäre Regime op d'Been ze stellen."
Wann e Sonndeg am zweetgréissten EU-Memberland de Rassemblement National d'Wale géif gewannen, hätt dat och Konsequenzen op d'Europäesch Unioun analyséiert de Wort Korrespondent Diego Velazquez.
"Et vergësst een dacks, datt eng populistesch Regierung am Conseil, do wou d'Memberlänner vertruede sinn, vill méi Schued ka maachen, wéi 20 Prozent Rietspopulisten am Europaparlament, wou se einfach kënnen iwwerstëmmt ginn a wou et egal ass, esou laang d'Zentrumsparteien zesummenhalen. An Tëschenzäit hu mer net just eng, mä 4,5 geschwë 6 an dat gëtt einfach eng aner Europäesch Unioun."
D'Directrice adjointe vum Zentrum fir politesch Bildung confirméiert iwwerdeems, datt d'Beréierungsängscht mat Diktaturen an de leschten 30 Joer ofhuelen. Fir d'Michèle Schilt ass d'Educatioun e wichtege Facteur. Och wann d'Geschicht sech net géif widderhuelen, wier et keng Léisung d'Geschicht net ze kennen.
D'Invitéeë sinn
Viviane Fattorelli
Buergermeeschtesch Audun-le-Tiche (Däitsch-Oth)
Charel Goerens
DP-Europadeputéierten
David Wagner
Deputéierten déi Lénk
Diego Velazquez
EU-Korrespondent Wort
Michèle Schilt
Directrice adjointe ( oder bäigeuerdent Direktesch) ZPB
Zentrum fir politesch Bildung