Wat huet d'Kierch eis haut nach ze soen?
Mir liewen an engem post-chrëschtleche Land. 39 Joer huet Lëtzebuerg gewaart, ier haut nees de Chef vun der kathoulescher Kierch am Grand-Duché war.
"Mat der Caritas verléiere mer e grousst Stéck Kierch", dat huet de fréiere Kommunikatiounsbeoptragte vun der kathoulescher KierchThéo Péporté am Kloertext betount. Hien ass rosen iwwert d'Reaktioun vun der Kierch. De Bëschof hätt ganz kloer missten op d'Caritas duergoen a steet mat där Meenung och net eleng do.
Affär Caritas: Bistum huet schlecht reagéiert
D'Caritas wier e Stéck vun der Kierch, ob de Bëschof dat wéilt oder net, esou den fréiere Kommunikatiounsbeoptragten Théo Péporté.
"Wann eent vu menge Kanner am Dreck läit, da waarden ech net, bis dass dat opsteet a bei mech gelaf kënnt, mä ech ginn dohinner an zéien et aus dem Dreck eraus. Dat hätt ech vun der Leedung vun der Kierch erwaart. Dohinner ze goen an ze soen 'wéi kënne mer hëllefen?' D'Fro stellt sech net, ob mer hëllefen oder net. Wéi kënne mer hëllefen? Ech weess och, datt do net an iergendengem Bistumstirang 61 Millioune leien, mä dorëms geet et net. Wéi kënne mer hëllefen? Wéi kënne mer Iech ënnerstëtzen an Är Opklärungsaarbecht? Wéi kënne mer hëllefen, dass et weider geet?"
Kritik um Bistum kënnt och vum studéierten Theolog a Psychoanalytiker Jean-Marie Weber. Hie seet, Generalvikaren an Europa ze kennen, déi op eng ganz aner Manéier reagéiert hätten, zum Beispill mat méi Energie.
"Wann déi, déi Informatioun Owes um 23.30 Auer kritt hätten, dann hätten déi um 23.45 Auer dem Staatsminister ugeruff an déi hätten deen anere Moien, wéi Dir d'Informatioun ginn hätt iwwer RTL, hätten déi schonn en Ufank vu Strategie entwéckelt gehat. An där Nuecht."
Zu Lëtzebuerg feelt dem Jean-Marie Weber d'Dynamik an der Kierch.
"An allen Interviewen, ob dat ëm Glawe geet, ëm d'Caritas oder ëm aner Saachen, mierkt een eng Middegkeet, bal esou eppes wéi Enttäuschung, keng Energie méi, keen Désir méi fir eppes ze bauen. Och keng Visioun."
Kierch leit ënner den Decisioune vu Roum
Dat kéint natierlech och eng Explikatioun dofir sinn, datt d'Kierchen ëmmer méi eidel ginn an datt ëmmer manner Männer motivéiert sinn, Paschtouer ze ginn, well Fraen dierfen dat jo nach ëmmer net. Obscho jonk Frae schéngen ze wëssen, wéi et geet. Ee Beispill ass d'Linda Schuster, Mataarbechterin an der Aumônerie scolaire vun der Ecole privée Sainte Anne
"Ech hunn 1.000 Schülerinnen, déi mir do hunn, a mir organiséieren do Gottesdéngschter, déi mir upassen u si an un hir Bedürfnisser. Do sinn och Schülerinnen, déi an där Schoul sinn, déi net gleeweg sinn an trotzdeem fanne mer eppes fir si, wat si uschwätzt. Fir mech ass et méiglech do unzepassen a modern Saachen unzebidden."
D'Linda Schuster ass fir Gläichberechtegung tëschent Männer a Fraen an der Kierch. Frae missten an hiren Aen och méi héich Poste kënnen iwwerhuelen.
"Mir Fraen solle gläich zu de Männer sinn innerhalb vun der Kierch. Ech sinn do fir Gläichberechtegung an och wann dat no Kontinente géif gekuckt ginn, ech verstinn déi afrikanesch Fraen, dat ass bedéngt duerch hir Kultur. Mä hei ass et awer anescht an ech fannen, dass mir Fraen an der kathoulescher Kierch och kënnen Diakoninne ginn, Priisterinne ginn an domadder och déi méich héich Ämter kënnen iwwerhuelen. Amplaz nëmmen ënnen an der Kierch kënne matzeschaffen, well do si ganz vill Fraen."
Fir de studéierten Theolog a Psychoanalytiker Jean-Marie Weber stellt d'Kierch sech selwer net genuch a Fro.
"Wann een als Schoulmeeschter an enger Klass ass an et mierkt een, datt se net oppassen, datt Ramba Zamba ass, dann ass e Symptom do an da freet ee sech, wat ee falsch gemaach huet. Et freet een d'Klass, wat ee falsch gemaach huet. Et sicht een nei Weeër an et mierkt een an där Diözees hei, datt ganz wéineg nei Weeër gesicht ginn. D'Kierch war méi progressiv virun 30 oder 40 Joer a mir leiden och ënnert d'Decisioune vu Roum."
"Mir hunn net d'Äntwert op all Problemer vum Liewen"
De Kardinol ass kloer: "Et muss een dee ganzen Image vun der Kierch änneren. Wann ech mat eelere Leit schwätzen, déi hunn oft den Image vun enger Kierch, déi ganz moralistesch opgetrueden ass, wou de Paschtouer sonndes esouguer gesot huet, wéi d'Leit wiele sollen an dat geet jo net." D’Leit misste mat hire Problemer eescht geholl ginn. Der Kierch hier Roll wier net, mat enger Äntwert ze kommen, mee heiansdo mat de Leit ze kräischen, mat de Leit sech ze freeën, mat de Leit sech Froen ze stellen.
Wann een de Läit nolauschtert, muss een och kënne seng Meenung änneren: "Et ass natierlech eng Saach, wann ech wierklech nolauschteren als Bëschof, dann änneren ech och meng Meenung. Bei mir ass dat schonn e puer Mol passéiert." An dat och a prinzipielle Froen. Wéi eng, dat wollt de Kardinol eis awer net soen, well e bei anere Leit, bei konservative Katholicken, dermat géing ustoussen.
Perséinlech hätt hien awer zum Beispill kee Problem, wann den Zölibat géing ofgeschaaft ginn. Dat wier just e kierchlecht Reglement, mee dat wier awer just seng Meenung, net déi vu Roum. An do ginn d’Decisioune geholl.
“Mir hunn ni gesot, et wier en demokratesche Prozess"
D'Synod, déi breet Consultatioun vun alle Chrëschten, gesäit de Jean-Claude Hollerich dann och net als demokratesche Prozess, mee als Participatioun.
Ganz ëmstridden ass d’Roll vun der Fra, och do mécht de Kardinol wéineg Hoffnung fir eng Gläichberechtegung. Do wiere Frae sech och net eens an der Weltkierch. Firwat dann net all an Europa méi Fräiraum loossen?
“Eis Kierch gëff dorunner zerbriechen, wa mir de Kontinenter no verschidde Léisungen hätten. Op aner Saachen ass dat eng gutt a richteg Saach, dass ee verschidde Léisungen a verschiddene Kontinenter kuckt."
Wat de sexuelle Mëssbrauch an der Kierch ugeet, géif heiansdo ganz falsch reagéiert ginn: "Mir schwätze vun Hellegen, wéi wann dat Helde wieren, déi iwwert der Mënschheet stinn. An och de Geeschtleche gëtt ugekuckt, wéi en iwwer alles stoe géif, schwiewe géif. Dat ass sécher falsch. Dat hu mer geléiert. Mir sinn normal Mënschen a mer reagéieren och falsch an heiansdo ganz falsch, wéi dat beim Abbé Pierre geschitt ass. "
U roseg Zukunftsaussiichte gleeft de Kardinol net. D'Kierch géif och nach an deenen nächsten 10 Joer méi kleng ginn, hien hofft awer dass se méi lieweg gëtt. Firwat ass si dann haut net lieweg genuch, wie schwätzt si nach un? Wat ass hir Missioun a firwat huet si am Caritas-Skandal net anescht reagéiert? Dës a weider Froen en Donneschdeg den Owend am Kloertext.
Déi ganz Emissioun en Donneschdeg den Owend um 20 Auer, direkt nom Journal, dat op der Tëlee an am Livestream.
D'Invitéeë sinn
Théo Péporte
Fréiere Kommunikatiounsbeoptragten vun der kathoulescher Kierch
Jean-Marie Weber
Studéierten Theolog a Psychoanalytiker an Assistenz-Professer op der Uni
Linda Schuster
Mataarbechterin an der Aumônerie scolaire vun der Ecole privée Sainte Anne