Renteklau, Rentemauer, Rentegerechtegkeet, sou laang d'Wirtschaft geboomt huet war et méi roueg ëm den Dossier Pensiounen. Lo ass e nees akut, mä d'Sozialpartner si sech weder eens iwwert d'Aschätzung vun der Lag, nach iwwer Léisungsvirschléi. Mir diskutéieren mam Sozialminister, Deputéierten, Gewerkschafts- a Patronatsvertrieder.

Historique vun der Rentendiskussioun

Wéi hëtzeg d'Debatten an der Vergaangenheet waren huet muncher ee  vläit scho vergiess oder ass ze jonk et ze wëssen. E Réckbléck vum Guy Weber dee weist wéi staark d' Thema Renten a Pensiounen d' Politik dominéiert hunn.

Historique vun der Rentendiskussioun
Reportage vum Guy Weber

Méiglech Szenarien

Vu wéi engen Donnéeën geet een iwwerhaapt aus? Do ginn et verschidden Hypothesen, déi jiddereng zum Deel déifgräifend Folge kann hunn. D’Joelle Hengen huet d’Analys gemaach.

Méiglech Szenarien
Reportage vum Joelle Hengen

De Projet fir d’Reform

Wat ass geplangt, wéi wäit soll d’Reform goen. E kuerze Résumé vun der Reform sou wéi se um Dësch läit.

De Projet fir d’Reform
Reportage vum Joelle Hengen
Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.