Fir d'éischte Kéier zanter der blo-rouder Koalitioun vun 1974-1979 ass d'CSV an der Oppositioun.

D’Schreck-Gespenst, dat d’CSV un d’Mauer gemoolt hat, ass Realitéit ginn: eng Dräierkoalitioun! Mä haten déi Chrëschtlech-Sozial wierklech domat gerechent oder si se kal erwëscht ginn? A wéi funktionéiert d’Oppositioun mat Politiker, déi dat nach ni gemaach hunn a mat oder ouni Jean-Claude Juncker als Leader?

Quo Vadis CSV?

Doriwwer hu mir mam Laurent Zeimet, Robert Goebbels, Paul Helminger, Renée Wagner a Jean-Lou Siweck diskutéiert. Moderatioun: Caroline Mart.

Mat Archivmaterial aus de 70er ...

Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.