Ee Mënsch kann am Fall vu sengem Hir-Doud bis zu 8 aneren en zweet Liewe schenken - an nawell feelt et dramatesch un Organspender. Firwat?

Aus Angscht virun Abusen, wéinst rezente Skandaler, aus Onwëssenheet?

E Kloertext mat Dokteren, Infirmieren, Betraffenen a Familljememberen, mat deenen, déi wëssen, wat et bedeit, op enger Waardelëscht ze stoen, déi eng Doudeslëscht gëtt, wa kee méi spent.

Reportagen

Dialyse Statioun am Kierchbierger Spidol
Portrait vun engem Häerz-Transplantéierten
Erënnerung un den Thierry van Werveke

Invitéen

Prof. Dr Claude Braun
President Luxembourg-Transplant
Nierendokter Spidol Kierchbierg

Georges Kieffer
Huet virun 9 Joer en neit Häerz kritt
Autodidakten Artist

José Lopes
Nationale Coordinateur Luxembourg-Transplant
Infirmier-Anesthésiste

Jos Bourg
President Protransplant
Huet virun 2 Joer eng nei Liewer kritt

Danielle van Werveke
Wittfra vum Acteur a Sänger Thierry van Werveke

Kloertext
Kloertext: D'Talkshow mat Bëss! An der Sendung Kloertext stellt d'Caroline Mart déi Froën déi Iech dobaussen intresséieren.