Thema: D’Lag vun der Natioun
Am Kloertext vun e Sonndeg, 6. Abrëll ëm 18h30 op RTL Télé Lëtzebuerg goung et ëm d'Ried zur Lag vun der Natioun vum Premier Bettel an d'Reaktiounen dorop.
Eng nei Approche, eng nei Equipe an nei Weeër, fir déi al Problemer ze léisen. Just, wéi dat genee soll geschéien, schéngt villen och no der Ried zur Lag vun der Natioun net wierklech kloer. Wat huet gefeelt, wat stoung tëscht den Zeilen?
Doriwwer schwätzen d'Invitéen:
André Roeltgen, Generalsekretär OGBL
Carlo Thelen, Direkter Chambre de Commerce
Gary Kneip, President Wirtschafts- a Sozial-Rot
Romain Schmit, Direkter Fédération des Artisans
Blanche Weber, Presidentin Mouvement Ecologique
Moderatioun: Caroline Mart
Op RTL.lu an iwwert d'App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Livestream suivéieren an dono am Replay nach eemol kucken oder konsultéieren.